
D‘Europäesch Unioun spillt eng ëmmer wichteg Roll an eisem Alldag, a Kommunikatioun driwwer, wat et heescht, EU-Bierger⸱in ze sinn a bannent der EU ze liewen, ass eng vun eise gréissten Erausfuerderungen.
Fir hir Informatiounsaktiounen um Terrain ze verstäerken an de Dialog iwwer Themen am Zesummenhang mat der Europäescher Unioun an hire Politicken ze fërderen, setzt d‘Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg de Réseau Team EUROPE DIRECT op.
E Réseau vu motivéierten, onofhängegen a inspiréierende Kommunikateur⸱innen, déi sech gutt mat den Theme vun der EU auskennen, kommunikativ kompetent sinn an et fäerdeg bréngen, d’Moossnamen an de bäigedroe Wäert vun der EU engem breede Public verständlech ze erklären – mam Zil, d’ëffentlech Debatt iwwert d’EU unzereegen.
D’Roll vun de Membere vum Team EUROPE DIRECT besteet doran, jee no hirem Fachgebitt, un Debatten, Konferenzen, Evenementer a Ronndëschgespréicher deelzehuelen. Och wann si enk mat der Vertriedung vun der Kommissioun zesummeschaffen, bleiwen si onofhängeg a beméien sech drëms, hirem Public fundéiert, objektiv an onverfälscht Informatiounen iwwer d’Europäesch Unioun zougänglech ze maachen.
Wann Dir Är Kandidatur areeche wëllt, fëllt wann ech gelift den Enquêteformulaire bis de 15. Juli 2025 aus:
https://ec.europa.eu/eusurvey/runner/Application-Form-Team-EUROPE-DIRECT-2023
Detailer
- Verëffentlechungsdatum
- 3 Juni 2025
- Auteur
- Representation in Luxembourg