
Am Joer 2026 kënnt den Europadag op Wooltz – an Dir sidd invitéiert!
E Sonndeg, den 10. Mee 2026, gëtt den Europadag um Weeltzer Schlass gefeiert, mat engem festlechen Dag fir jiddereen. Kommt a feiert mat eis d’Wäerter vu Fridden, Eenheet a Diversitéit, déi Europa verbannen.
E villfältege Programm mat kulturellen a musikaleschen Héichpunkten erwaart Iech, a Presenz vum Grand Duc Guillaume an anere Perséinlechkeeten. Dëst Joer läit de Schwéierpunkt op Europa am Alldag, am ländlechen Raum an an eiser Regioun, andeems Initiativen ervirgehuewe ginn, déi eist deeglecht Liewe matgestalten.
Entdeckt d’Diversitéit vun Europa am europäeschen Duerf, e Sonndeg, den 10. Mee 2026, vun 11:00 bis 18:00 Auer. Am Häerz vum Evenement hëlt dat traditionellt europäescht Duerf Iech mat op eng Rees duerch d’Länner an d’Institutiounen vun der Europäescher Unioun: kulinaresch Spezialitéiten, Handwierk, Kultur an Informatiounsstänn iwwer europäesch Programmer zu Lëtzebuerg.
Profitéiert och dovun, fir Wooltz, eng charmant Stad am Norde vu Lëtzebuerg, kennenzeléieren an d’regional Offer aus dem Éislek ze entdecken. Op deem Dag kënnen d’Visiteuren och lokal Traditiounen erliewen, zum Beispill d’Braue vu regionalem Béier, oder un enger Promenade guidée vum Naturpark deelhuelen, fir d’Natur an de Patrimoine vun der Regioun z’entdecken.
------------
Weider Informatiounen zum detailléierte Programm ginn an de kommende Woche verëffentlecht.
------------
Dëst Evenement ass gratis.
Den Europadag 2026 gëtt presentéiert vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mam Europäesche Parlament, der lëtzebuergescher Regierung an der Stad Wooltz.
𝘕𝘰𝘵𝘪𝘻: Wärend dësem Evenement gi Fotoen a Videoe gemaach, déi fir eis ëffentlech Kommunikatioun kënne benotzt ginn. Méi Informatioune fannt Dir an eiser Dateschutzpolitik. Déi selwecht Dateschutzbestëmmunge gëlle fir den Europadag 2026 zu Wooltz wéi fir den Europadag 2026 zu Bréissel.
- Europäesch Identitéit
- Sonndeg 10 Mee 2026, 11:00 - 18:00 (CEST)
- Wooltz, Luxembourg
Praktesch Informatiounen
- Wéini
- Sonndeg 10 Mee 2026, 11:00 - 18:00 (CEST)
- Wou
- Weeltzer Schlass35 Rue de Château, 9516 Wooltz, Luxembourg
- Sproochen
- Luxembourgish, French, German, English
- Organisateuren
- Representation in Luxembourg
- Social media links