
Erëffnung vun engem Opruff fir Propositiounen den 10. September 2024
Wat ass en EUROPE DIRECT Zentrum ?
D’EUROPE DIRECT Zentre kreéieren e proaktiven a kontinuéierlechen Dialog mat de Biergerinnen a Bierger, fir d’Gefill vum Zesummegehéieren zum europäesche Projet ze stäerken. Duerch d’Organisatioun vun Informatiouns- an Dialogveranstaltunge ginn se de Biergerinnen a Bierger d’Méiglechkeet, informéiert Entscheedungen iwwert d’Zukunft vun der EU ze treffen an sech voll an déi demokratescht Prozedure vun Europa anzebezéien.
Firwat soll een een en EUROPE DIRECT Zentrum ginn?
- Engagéieren a bilden: Hëlleft den europäesche Biergerinnen a Bierger d’Funktioun vun der EU an hirer parlamentarescher Demokratie ze verstoen, an entdeckt gläichzäiteg d’Virdeeler, déi d’EU am Alldag bitt.
- Sensibiliséieren an informéieren: Huelt un Evenementer deel, déi d'Plus-value vun der EU an d’Auswierkungen vun hirer Politik op Är Gemeng verdäitlechen.
- Zesummenaarbecht a Koordinatioun: Schafft enk mat de Representatioune vun der Kommissioun, de Verbindungsbüroe vum Europäesche Parlament an aner lokalen Netzwierker zesummen, fir kohärent an ofgestëmmten Aktiounen duerchzeféieren.
Wien kann en EUROPE DIRECT Zentrum ginn?
Gëeegent Kandidate sinn:
- Ëffentlech Institutiounen, z.B. eng Gemeng oder eng aner lokal / regional Verwaltungsstruktur.
- Verbänn oder Vereenegunge vu kommunalen Agencen, gemengnëtzeg Organisatiounen, Sozialpartner, Bildungs- oder Beruffsausbildungs-Ariichtungen.
Bemierkung: Individue kënnen net kandidéieren.
Macht mat an hëlleft d’Zukunft vun Europa aktiv matzegestalten!
Weider Informatiounen zum Selektiounsprozess fannt Dir vum 10. September bis den 10. Oktober 2024 iwwer de Lien hei drënner.
Link zum Selektiounsprozess : EUROPE DIRECT Zentrum zu Lëtzebuerg Stad- Europäesch Kommissioun (europa.eu)
Wann Dir Froen hutt, zéckt net, eis ze kontaktéieren - COMM-REP-LUX-COMMUNICATION
ec [dot] europa [dot] eu (COMM-REP-LUX-COMMUNICATION[at]ec[dot]europa[dot]eu) .
Zesumme kënne mir eis Stëmmen erhiewen an eis um europäesche Projet bedeelegen!
