Bis zum Haaptcontenu iwwersprangen
Logo vun der Europäescher Kommissioun
Représentation au Luxembourg

Europäisches Jahr der Kompetenzen

Inspiréieren, engagéieren, qualifizéieren.

Den offizielle Start vum Europäesche Joer vun de Kompetenzen ass op den 9. Mee 2023 gefall. De Kommissär Nicolas Schmit, zoustänneg fir Aarbecht a Sozialrechter bei der Europäescher Kommissioun, huet d'Joer offiziell live vum Europadag Festival op der Place de l'Europe zu Lëtzebuerg lancéiert. Dat Europäescht Joer vun de Kompetenze soll 12 Méint lafen, mat villen Aktiounen an Initiativen déi an d'Liewe geruff a promouvéiert ginn.

Firwat en europäescht Joer vun de Fäegkeeten?

European Year of Skills

Dat Joer vun de Kompetenzen ziilt dorop hin, d'Kompetenzlacunnen an der Europäescher Unioun unzegoen an d'EU Kompetenzestrategie ze stäerken,  virun allem wat digital a gréng Technologien ugeet. 

Dofir muss een de Mënschen et erméiglechen déi richteg Kompetenzen ze léiere fir qualitativ Aarbechtsplazen ze fannen, an Entreprisen, virun allen deene klengen a mëttelgroussen, dobäi hëllefen, national Efforte wéi och bestoend an nei EU Initiativen an EU Finanzéierungsméiglechkeeten ervirzehiewen. D'Joer wäert Aktivitéiten an Evenementer a Rapport mat Kompetenzen uechter ganz Europa ënnerstëtzen.

Firwat? Eng Aarbechtskraaft mat deene recherchéierte Qualifikatiounen ass wichteg fir laangfristegen an nohaltegem Wuesstem. Domat gëtt och séchergestallt, dass déi gréng an digital Transitioune sozial fair a gerecht sinn.

Wéi? Dausende vun Evenementer an Aktivitéiten iwwer Kompetenzentwécklung wäerten uechter Europa stattfannen.

Iwwert dat ganzt Joer wäerte verschidden Acteuren, dorënner d'Kommissioun, dat Europäescht Parlament, d'Memberstaaten, d'Sozialpartner, déi ëffentlech a privat Aarbechtsverwaltungen, d'Chambere vum Commerce a vun der Industrie, d'Ubidder vun allgemenger a berufflecher Bildung esouwéi d'Salariéen an d'Entreprisen zesummeschaffe  fir d'Entwécklung vu Kompetenzen ze fërderen.

Dat kléngt jo alles gutt, mee wat bedeit dat konkret fir mech als Lëtzebuerger Bierger/Resident?

Dat bedeit, dass et vill verschidde Méiglechkeete ginn Iech néi oder weider ze qualifizéieren. 

Hei e puer Beispiller, wou Dir weider Informatioune fanne kënnt:

- https://year-of-skills.europa.eu

- www.orientation.lu

- https://www.lifelong-learning.lu/

- https://handwierk.lu/

- https://www.houseoftraining.lu/

- https://www.uni.lu/

https://www.infpc.lu/

https://www.anefore.lu/

Mam Europäesche Joer vun de Kompetenze kritt Weiderbildung eng néi Dynamik.