Gestaltung vun der digitaler Zukunft vun Europa
Mir all spieren den digitale Wandel an eisem Alldag. D’COVID-19-Pandemie huet dozou geféiert, datt d’Notzung vun digitalen Technologië weider u Bedeitung gewonnen huet: Am Beméien, Liewen ze retten an den Drock op d’Spideeler ze reduzéieren, hu Millioune Mënschen ugefaangen, vun doheem aus ze schaffen, fir Studenten a Studentinne goufe Coursë per Videokonferenz ofgehalen an e groussen Deel vun eise sozialen Interaktiounen huet ausschliisslech iwwer de Smartphone stattfonnt …Eis Ofhängegkeet vun digitalen Technologien ass méi grouss ginn ewéi jeemools virdrun.
Dat digitaalt Joerzéngt vun Europa
D’Europäesch Kommissioun ass entschloss, déi nächst zéng Joer zum "digitale Joerzéngt" vun Europa ze maachen. Den 9. Mäerz 2021 huet d’Europäesch Kommissioun eng Visioun fir den digitale Wandel an Europa bis 2030 presentéiert.
Dës Ziler fir 2030 ëmfaassen ënner anerem:
- Mindestens 80 % vun den Erwuessene sollen iwwer digital Grondkompetenze verfügen.
- All europäesche Stot soll 1 Gigabit- Internetverbindung hunn an all bewunnt Gebidder sollen duerch 5G ofgedeckt sinn
- 3/4 vun den Entreprisë solle Cloud-Computing-Déngschter, Massendaten a kënschtlech Intelligenz notzen.
- All weesentlech ëffentlech Déngschter sollen online verfügbar sinn.
- All Biergerinnen a Bierger sollen Zougang zur elektronescher Versioun vun hirem Patientendossier hunn.
Fir dës Ziler ze erreechen, suergt d’Europäesch Kommissioun dofir, datt multinational Projeten, déi europawäit digital Technologien an Infrastrukturen entwéckelen, méi séier op de Wee bruecht ginn. Dës ginn duerch eng Kombinatioun vun Investitiounen aus dem EU-Budget, de Memberstaaten an der Industrie finanzéiert. Doriwwer eraus verflichten d’Memberstaten sech dozou, mindestens 20 % vun den Ausgaben an hiren Opbau- a Resilienzpläng fir d’digital Prioritéit virzegesinn.
Digital Ziler fir 2030
Den digitale Wandel am lëtzebuergeschen Plan de Relance
Digital Fortschrëtter zu Lëtzebuerg
D’Europäesch Kommissioun iwwerwaacht mam Index fir digital Wirtschaft a Gesellschaft (Digital Economy and Society Index, DESI) déi digital Fortschrëtter vun de Memberstaaten. Dësen Index benotzt eng Rëtsch Indicateuren, fir d’Fortschrëtter vun den EU-Memberstaaten um Wee hin zu enger digitaler Wirtschaft a Gesellschaft ze moossen.
Am Laf vun de leschte fënnef Joer huet Lëtzebuerg beim digitale Wandel relativ schwaach Fortschrëtter verzeechent. D’Land gehéiert awer nach ëmmer zu de Memberstaaten, déi an der Gesamtwäertung vum DESI am beschten ofschneiden. Lëtzebuerg huet besonnesch fir de Beräich "Connectivitéit" ganz gutt Resultater erziilt – esou hu mindestens 90 % vun de Stéit Zougang zu Festnetz mat ganz héijer Kapazitéit.
D’DESI-Indicateuren, déi besonnesch relevant fir d’wirtschaftlech Erhuelung no der COVID-19-Kris sinn, weisen, datt Lëtzebuerg beim Ausbau vun Netzer mat ganz héijer Kapazitéit grouss Fortschrëtter gemaach huet. Och d’Resultater vu Lëtzebuerg bei den Indicateure fir digital Kompetenzen leien iwwer dem EU-Duerchschnëtt. Dogéint ass Lëtzebuerg bei der Zoudeelung vu 5G-Frequenzen am Réckstand an erziilt och am Beräich digitalen Ëmbau vun Entreprisen an Notzung vun den Internetdéngschter manner gutt Resultater.
Lëtzebuerg am Index fir d’digital Wirtschaft a Gesellschaft
D’Kontroll iwwer Date behalen
Date sinn e wichtegen Aspekt fir digital Zukunft vun Europa. D’europäesch Datestrategie erméiglecht d’Schafung vun engem Bannemaart fir Daten an d’Steigerung vun der Datequantitéit, déi a Wirtschaft a Gesellschaft genotzt kënne ginn. Dobäi ass dofir gesuergt, datt déijéineg, déi dës Date produzéieren, d’Kontroll doriwwer behalen.
Date bestëmme Produktiounsprozesser a beaflossen eise Konsum an eis Liewensweis. Den Zougang zu stänneg wuessende Quantitéiten un Daten, an d’Fäegkeet, dës ze notzen, sinn de Schlëssel zu Innovatioun a Wuesstem.
Déi 2018 gegrënnte gemeinsam Entreprise EuroHPC soll Europa an de Beräicher Héichleeschtungsrechnungen a Quanteninformatik eng weltwäit Féierungsroll verschafen. Am September 2020 huet d’Europäesch Kommissioun en neien éiergäizegen Optrag fir d'Sécherung vun der europäescher Féierungsroll beim Héichleeschtungsrechne formuléiert. Heifir huet se proposéiert de Budget vun 8 Milliarden Euro ze erhéijen. Dëst ass duerch d’EU, 32 Partnerlänner an zwee privat Partner kofinanzéiert.
Am Mee 2021 gouf zu Lëtzebuerg de Sëtz vun der gemeinsamer Entreprise EuroHPC ageweit. De Grand-Duché huet sech ausserdeem mam Supercomputer "MeluXina" ekipéiert. Dëse gouf zu engem Drëttel mat europäesche Sue kofinanzéiert a befënnt sech am Datenzentrum DC2 vu LuxConnect zu Biissen. Lëtzebuerg huet ausserdeem d’Erklärung fir d'Grënnung vun der Europäescher Blockchain-Partnerschaft an d’Erklärung fir d'Zesummenaarbecht am Beräich kënschtlech Intelligenz ënnerzeechent.
Är perséinlech Date gehéieren Iech
Opgrond vun de Reegelunge vun der EU däerfe persounebezunn Daten nëmme fir rechtméisseg Zwecker an ënner Anhalung vun engem strenge Rechtskader erhuewe ginn, an nëmmen ënner der Bedéngung, datt d’Persoun, déi perséinlech Informatiounen erhieft a verwalt, dës viru jiddwer Form vu Mëssbrauch schützt.
Den Dateschutz gouf 2018 mat der Dateschutz-Grondveruerdnung (DSGVU) an der gesamter EU verstäerkt. An dëser Veruerdnung ass d’Recht vu Persoune verankert, eng Kopie vun hire persounebezunnenen Daten ze kréien, déi vun Organisatiounen erhuewe goufen. D’Biergerinnen a Bierger hunn ausserdeem d’Recht, d’Läschung vun hiren Daten unzefuerderen.
De lëtzebuergesche Supercomputer: MeluXina
Schutz vu persounebezunnenen Daten
Weider europäesch Institutiounen an Agencen zu Lëtzebuerg
Scho gewosst?
- 37 lëtzebuergesch Gemengen hunn sech fir d’Initiativ WiFi4EU registréiert, fir e Bong am Wäert vu 15.000 Euro fir d’Ariichtung vun engem gratis WLAN-Netz op ëffentleche Plazen ewéi Parken, Bibliothéiken, Muséeën, ëffentlech Gebaier asw. ze kréien.
- D’Quantitéit vun de weltwäit produzéierten Daten hëlt séier zou an dierft vun 33 Zettabyte (1 Zettabyte = 1 Billioun Gigabyte) am Joer 2018 op viraussiichtlech 175 Zettabyte am Joer 2025 uklammen.
- Tëschent Mee 2018 an November 2019 si bei den nationalen Dateschutzautoritéiten 275 000 Plaintë vu Privatpersoune wéinst Dateschutzverletzungen agaangen.
- Ee vun den däitlechste Virdeeler vun der digitaler Agenda vun der EU war d’Ofschafung vun de Roamingkäschte fir Handyen. Zanter 2017 sinn all Uriff, SMS-Noriichten esou wéi d’Internetverbindung iwwer Ären Handy iwwerall an der EU duerch Äre Mobilfunkvertrag ofgedeckt.