Zum Hauptinhalt
Logo der Europäischen Kommission
Vertretung in Luxemburg

„Hei & an Europa doheem!“

Dat ass de Slogan vun eiser neier Campagne. Eis Campagne baut op enger klorer Iddi op: D’EU ass Deel vun eisem Alldag – net nëmmen an den Haaptstied oder an de groussen Decisiounszentren. Vun der Landwirtschaft an dem Ëmweltschutz iwwer d’Mobilitéit bis bei d’lokal Entwécklung spillt si och am ländleche Raum eng konkret a wichteg Roll. An och ëmgedréint huet de ländleche Raum eng wichteg Roll fir Europa. 

Mee wéi maache mir dat siichtbar? Wéi brénge mir Europa méi no bei d’Leit – direkt an hir Gemeng? An wéi kënne mir weisen, dass jiddereen zur Zukunft vun Europa een Deel ka bäidroen ? 

Ganz einfach: Mir ginn der Visioun vun de Biergerinnen a Bierger eng sichtbar Plaz am ëffentleche Raum. Op enger markanter Façade an der Gemeng gëtt hir Stëmm lieweg – als staarkt Symbol fir Matbestëmmung.

 

mural

Haalt d’Aen op fir dës Murale uechter Lëtzebuerg – a benotzt se als Invitatioun, fir d’Gespréich doriwwer weiderzeféieren, wat d’EU fir iech an ärer lokaler Communautéit bedeit! Maacht eng Foto oder e Selfie beim Mural, deelt en online zesumme mat ären eegene Gedanken iwwer Europa, a taggt eis op @ue_luxembourg! D’Resultater, déi duerch dësen Austausch gesammelt ginn, sinn e wichtegt Instrument, fir eis Kommunikatioun an Zesummenaarbecht op lokalem Niveau an de kommende Joren ze stäerken.

Wéi sinn dës Murale entstanen?

Dofir huet d’Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, zesumme mat fënnef Gemengen – Wolz, Biissen, Diddeleng, Mäerzeg an Esch-Uelzecht – kreativ Atelieren organiséiert. Do gouf diskutéiert an Iddien ausgetosch: Wat bedeit d’EU fir iech an op lokalem Niveau? Wéi ass si an der Gemeng präsent? A wéi kann een dat bildlech auÄr Stëmm zielt - an elo gëtt se ganz grouss gewisen!sdrécken ? E Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler war bei den Atelieren dobäi an huet d’Iddien opgeholl. Hie schafft se elo aus, fir datt se an e puer Wochen als grousst Wandbild – tëscht 73 m² an 234 m² – op enger prominenter Mauer an de jeeweilege Gemenge realiséiert ginn.

Är Stëmm zielt - an elo gëtt se ganz grouss gewisen!

*Duerch de Gebrauch vum Lëtzebuergesche schwätzt d’Campagne ländlech Bevëlkerungsgruppen direkt un – op eng Manéier, déi hinne vertraut ass, Vertraue schaaft an authentesch wierkt. Och wann d’Lëtzebuergescht keng offiziell EU-Sprooch ass, erkennt d’Campagne d’Sprooch als wichtege Bestanddeel vun Identitéit an Zesummenhalt un – a si spillt esou och eng wichteg Roll als Bréck tëscht dem lokale Liewen an Europa.