Skip to main content
Représentation au Luxembourg
A researcher in his laboratory
Union européenne, 2020
Fuerschung an Innovatioun

Fërderung vu Fuerschung an Innovatioun zu Lëtzebuerg

Fuerschung an Innovatioun sinn de Motor vum ekologeschen an digitale Wandel vun der Europäescher Unioun an droen zur Ëmsetzung vun de sechs zentrale Prioritéite vun der Europäescher Kommissioun fir 2019 – 2024 bäi. D’Stäerkung vum Fuerschungs-an Innovatiounssecteur hëlleft dobäi, Léisunge fir déi urgentste gesellschaftlechen Erausfuerderungen ewéi de Klimawandel, Energieversuergungssécherheet oder ëffentlech Gesondheet ze fannen, an d’Liewens- an Aarbechtsbedéngungen an Europa ze verbesseren.

Duerch d’Ënnerstëtzung vu Fuerschung an Innovatioun duerch d’EU kënnen d’lëtzebuergesch Fuerschender u Projete matwierken oder Projete leeden, bei deenen a verschiddenste Beräicher revolutionär Erkenntnisser gewonne ginn.

Horizon Europa, d’Kohäsiounspolitik an NextGenerationEU sinn verschidden Programmer mat deenen d’Europäesch Unioun d’Fuerschung an Innovatioun ënnerstëtzt.

Gestaltung vun eiser Zukunft duerch Fuerschung an Innovatioun 

"Horizon Europa" ass de Kaderprogramm vun der EU fir Fuerschung an Innovatioun an ass mat engem Budget vu 95,5 Milliarden Euro ekipéiert. De Programm gëtt dofir benotzt fir  d’Ziler fir nohalteg Entwécklung vun de Vereenten Natiounen ze erreechen an d’Wettbewerbsfäegkeet an de Wirtschaftswuesstem vun der Europäescher Unioun ze stäerken.

Am Kader vun Horizon Europa gouf den Europäeschen Innovatiounsrot (European Innovation Council, kuerz EIC) ageriicht. De Programm verfüügt iwwer e Budget an der Héicht vun 10,1 Milliarden Euro, an en ënnerstëtzt Innovatiounsprojeten, mat groussem Expansiounspotenzial mee déi en ze héije Risikoe fir privat Investore duerstellen (ongeféier 70 % vum Budget geet un Projete vu Klengen- a Mëttelbetriber ).

Am Joer 2020 hunn 127 lëtzebuergesch Partner un Horizon-Projete matgewierkt – eng Steigerung ëm 25 % am Verglach zum Virjoer.

Iwwer d’Marie-Skłodowska-Curie-Moossnamen, Boursë fir promovéiert Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler, bitt d’Europäesch Kommissioun ausserdeem promovéierte Fuerscher, déi an Entreprisen (besonnesch a klengen a Mëttelbetriber), Fuerschungsariichtungen, ONGen an ëffentleche Verwaltungen zweejäereg Fuerschungsprojeten duerchféieren, finanziell Ënnerstëtzung.

D’Marie-Skłodowska-Curie-Moossnamen hunn zu Lëtzebuerg en groussen Erfolleg: Am Joer 2020 sinn 88 Bewerbunge vu Fuerschende vu Lëtzebuerg agaangen an déi an der éischter Hallschent vum Joer agereecht Virschléi haten en Erfollegstaux vun 28 %, - den héchsten an der EU (den duerchschnëttlechen Erfollegstaux louch bei 15 %).

Erfollegräich Beispiller fir d’Finanzéierung duerch Horizon Europa zu Lëtzebuerg

Weider Informatiounen zu Horizon Europa

Weider Informatiounen zum Europäeschen Innovatiounsrot

Méiglechkeete vun der Finanzéierung duerch den Europäeschen Innovatiounsrot

Marie Skłodowska-Curie

Aktivitéitsbericht vu Luxinnovation

Den Europäeschen Innovatiounsindicateur

Fuerschung an Innovatioun an der EU: Zesumme géint de Coronavirus