Skip to main content
Représentation au Luxembourg
budget banner
Den europäesche Budget

Den EU-Budget zu Lëtzebuerg

Den EU-Budget 2021 – 2027

Wéinst der COVID-19-Pandemie huet d’Europäesch Unioun hire laangfristege Budget 2021 – 2027 ausgebaut. Mam befristen Opbauinstrument NextGenerationEU goufen 1.800 Milliarden Euro zur Verfügung gestallt, fir d’pandemiebedéngt Schied ze allegéieren an der Europäescher Unioun dobäi ze hëllefen, gestäerkt a méi widderstandsfäeg aus der Kris ervirzegoen.

EU-Opbauplang an NextGenerationEU zu Lëtzebuerg

Den EU-Budget fir d’Ënnerstëtzung vum Europäeschen Opbauplang

Ausgaben a Recettë vun der EU no Memberstat

De laangfristegen EU-Budget 2021 – 2027

 

De Budget vun der Europäescher Unioun zu Lëtzebuerg

Zanter den 1960er-Jore bündelen d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun hir Mëttel, fir zesumme Projeten ze finanzéieren, déi d’Liewe vun den europäesche Biergerinnen a Bierger positiv veränneren. Haut ëmfaasst dëst d’Schafe vu Wuesstem an Aarbechtsplazen, den Ëmweltschutz, den Ofbau vum wirtschaftlechen Ecart tëschent de Regioune vun der EU an d’Bekämpfung vun Terrorismus an organiséierter Kriminalitéit.

Den EU-Budget erméiglecht ausserdeem beträchtlech Investitiounen a Fuerschung an Innovatioun, fir datt Europa mat anere globalen Acteure konkurréiere ka – besser, ewéi dëst bei Elenggäng vun de Memberstaate méiglech wier.

Den EU-Budget huet eng entscheedend Roll bei der Entwécklung vu Lëtzebuerg als Sëtz vun den europäeschen Institutioune gespillt. D’Investitioune vun der Europäescher Unioun hunn ausserdeem zur Entwécklung vun de Spëtzesecteure mat héijem Méiwäert zu Lëtzebuerg bäigedroen. Dëst gëllt beispillsweis fir dat gréngt Finanzwiesen, d’Biomedezin, d’Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien , an déi gréng Technologien.

Esou funktionéiert den EU-Budget zu Lëtzebuerg

Den europäesche Budget ergänzt zu Lëtzebuerg den nationale Budget a gëtt agesat, wann et méi effektiv ass, Suen op EU-Niveau amplaz op lokalem oder nationalem Niveau auszeginn.

Am Joer 2020 huet Lëtzebuerg 407,4 Milliounen Euro zum europäesche Budget bäigedroen. Am selwechte Joer huet Lëtzebuerg follgend Zommen aus dem europäesche Budget kritt:

  • 614,7 Milliounen Euro fir intelligenten an integrative Wuesstem (smart and inclusive growth)
  • 68,7 Milliounen Euro fir nohaltege Wuesstem (sustainable growth: natural resources)
  • 65,2 Milliounen Euro fir Sécherheet an Uniounsbiergerschaft
  • 1.696 Milliounen Euro fir Verwaltungsausgaben

Niewent der direkter Finanzéierung duerch d'Europäesch Unioun profitéiert Lëtzebuerg vu sëllege Virdeeler vum Bannemaart an der europäescher Integratioun. Den Zougang zum Bannemaart erméiglecht de lëtzebuergeschen Entreprisen de fräien Handel an der EU. Ausserdeem hu se domat och Zougang zu engem Maart, deen ongeféier 450 Millioune Verbraucher ëmfaasst. Am Joer 2018 gounge bal 85 % vun de lëtzebuergeschen Exporter an aner Länner vun der EU.

 Interaktiven Tool fir d’Ausgaben a Recettë vun der EU fir den Zäitraum 2014 – 2020 unzeweisen 

D’Haaptinvestitiounsberäicher vun der EU zu Lëtzebuerg

Allgemeng Informatiounen

Wéi funktionéiert den EU-Budget?

Den EU-Budget ass haaptsächlech fir Investitioune virgesinn. Dofir gëtt e laangfristege Plang opgestallt, de sougenannte Méijärege Finanzkader (MFK). Am MFK, dee fir en Zäitraum vu fënnef bis siwe Joer gerechent ass, ginn déi järlech Héchstbeträg (Ausgabuewergrenzen) festgeluecht, déi d’EU fir jiddwer Ausgabekategorie (Rubricken) ausgëtt.

All Memberstaat profitéiert vum EU-Budget – net nëmme well déi Länner déi abezuelen Zougang op de Bannemaart hunn, , mee och well en d’gemeinsam Bewältegung vun Erausfuerderungen erméiglecht: Sierf et de Kampf géint de Klimawandel, d’Stärkung vun eiser digitaler Souveränitéit oder eng koordinéiert Reaktioun op d’Covid-19 Kriis.

De järlechen EU-Budget gëtt demokratesch ënner Bedeelegung vun der Europäescher Kommissioun, de Länner vun der EU (vertrueden am Rot vun der EU) an dem Europäesche Parlament beschloss:

  • D’Europäesch Kommissioun schléit en Entworf vum järleche Budget vir.
  • D’national Regierungen (déi de Rot vun der EU bilden) an d’Europäescht Parlament (Vertrieder vun den EU-Biergerinnen a ‑Bierger) kënnen dësen Entworf änneren.
  • D’national Regierungen (Rot vun der EU) an d’Europäescht Parlament (Vertrieder vun den EU-Biergerinnen a ‑Bierger) mussen den Entworf geneemegen.

Wou kommen d’Suen hier?

Den EU-Budget gëtt aus follgende Quelle finanzéiert:

  • En Undeel vum PNB vun all Land, deen op de Räichtum vun all Land baséiert ass.
  • Importdouanen op Produiten aus Drëttlänner
  • e klengen Undeel vun der TVA déi vu jiddwer EU-Land erhuewe gëtt
  • engem Deel den op   der Quantitéit vun net recycléierte Konschtstoffverpackungsoffäll a jiddwer Land baséiert ass (zanter 2021)
  • aner Recetten, dorënner Bäitragsbezuelunge vun Net-EU-Länner fir bestëmmten europäesch Programmer, Verzuchszënsen, Geldboussen esou wéi en eventuellen Iwwerschoss aus dem Virjoer.
  • Fir d’ Finanzéierung vun NextGenerationEU sammelt d’Europäesch Kommissioun Fongen op de Kapitalmäert.

Wien bestëmmt, wéi d’Suen ausgi ginn?

Am Zäitraum 2021 – 2027:

  • D’national Autoritéite verwalte ronn 3/4 vun de Budgetsausgaben zesumme mat der Europäescher Kommissioun (gestion partagée)
  • D’Europäesch Kommissioun, hir Agencen an Delegatioune verwalte ronn 18 % vum EU-Budget (gestion directe)
  • Aner international Organisatiounen, national Agencen oder Drëttlänner verwalten 8 % vum EU-Budget (indirekt Mëttelverwaltung)
  • Fir "NextGenerationEU" ginn 90 % vun de Mëttel iwwer d’Opbau- a Resilienzfazilitéit (ARF) ausginn. D’ARF ass en Instrument, iwwer dat Finanzhëllefen a Prête fir d’Ënnerstëtzung vu Reformen an Investitiounen an den EU-Länner am Wäert vun insgesamt 723,8 Milliarden Euro bereetgestallt ginn.

D’Kommissioun dréit d’Verantwortung fir d’Ausféierung vum gesamte Budgetsplang, a stellt sécher datt all Euro richteg comptabiliséiert gëtt

  • D’Konte ginn uschléissend vun der EU-Kommissioun, den nationale Regierungen an aneren Ariichtunge gepréift. Falls noutwenneg, gi Moossnamen ergraff, fir Schwaachstellen oder Feeler ze behiewen.
  • Schliisslech stëmmt d’Europäescht Parlament (am Numm vun den EU-Biergerinnen a ‑Bierger)  doriwwer of op d’Ausféierung vum Budget duerch d’EU-Kommissioun richteg gemaach ginn ass.

Funktiounsweis vum Joreszyklus vum EU-Budget

Zousätzlech, verfüügt d’EU iwwer eng Rëtsch vu Gremien an Instrumenter, déi dozou déngen, eng transparent Kommunikatioun sécherzestellen a Mëssbrauch vun EU-Mëttel, Korruptioun, Steierbedruch an domat zesummenhänkend Delikter oder schwéiert Feelverhale bannent den EU-Organer opzedecken, ze ënnersichen an ze bestrofen.

Bedruchsbekämpfungsmoossname vu der EU

Den EU-Budget op ee Bléck

Legislativ Dokumenter zum EU-Budget

Wien huet zu Lëtzebuerg EU-Mëttel kritt? Méi dozou hei