D'Prioritéite vun der Europäescher Kommissioun 2024-29
All fënnef Joer, am Ufank vun engem neie Mandat vun der Europäescher Kommissioun, setzt de President oder d'Presidentin déi politesch Prioritéite vun der Kommissioun fest.
Baséierend op d'Resultater vun den Europawalen 2024, an um Mandat vum Europäesche Rot an dem Europaparlament huet d'Kommissioun, sech ënnert der Presidentin Ursula von der Leyen ambitiéis Ziler fir d'Zukunft vun Europa gesat.
Hei fannt Dir d'politesch Richtlinnen 2024-2029
Den Europäeschen Opbauplang
Wärend dem Zäitraum 2019-2024 huet d'Europäesch Kommissioun en eenzegaartege Programm fir den Opbau an d'Widderstandsfäegkeet an d'Liewe geruff, deen Europa no der COVID-19 Pandemie sozial a wirtschaftlech erëm virubrénge soll.
Hei fannt Dir weider Detailer iwwer den Europäeschen Opbauplang zu Lëtzebuerg.
Weider Links
• Nei Kommissioun fir 2024-2029 vum Europaparlament gewielt - Europäesch Kommissioun
