Team EUROPE DIRECT ass en Netzwierk vu Riednerinnen a Riedner, déi op eng grouss Bandbreet un EU-bezunnen Theme spezialiséiert sinn.
Dir kënnt dës Riednerinnen a Riedner invitéieren, fir Gaaschtvirträg, Seminairen, Konferenzen oder Formatiounen an Ärer Schoul, an Ärer Entreprise oder an Ärem Veräin ze halen. Si kënnen och u Fernseesendungen deelhuelen.
Fir eng Riednerin oder e Riedner ze buchen, fale keng Käschten un.
Wëllt Dir eng Riednerin oder e Riedner buchen?
Gitt Är Ufro iwwer eisen Ufroformulaire eran.
Mir kontaktéieren Iech duerno, fir Är Ufro mat Iech ze beschwätzen.