Bis zum Haaptcontenu iwwersprangen
Logo vun der Europäescher Kommissioun
Représentation au Luxembourg

Är Meenung zielt

Et ginn eng Rëtsch Méiglechkeeten, wéi Dir d’Entscheedunge vun der EU beaflossen a matgestalte kënnt. Hei fannt dir e puer wichteg Linken dozou:

Conférence sur l'avenir de l'Europe

Bei der Konferenz iwwert d’Zukunft vun Europa handelt et sech ëm vu Biergerinnen a Bierger gedroen Debatten an Diskussiounsreien. Mënschen aus ganz Europa kënnen hei hir Iddien austauschen an eis gemeinsam Zukunft matgestalten. Verschaaft Iech Gehéier!

Panel citoyen européen

Bei den ëffentleche Consultatioune vun der EU kënnt Dir är Meenungen an Input zu neien EU-Gesetzesvirschléi an Proposen ofginn. Ma och zu bestoende Politiken a Rechtsvirschrëfte kënnt Dir Är Verbesserungsvirschléi abréngen.

Initiatives citoyennes européennes

Mat der europäescher Biergerinitiativ kënnt Dir d’EU-Kommissioun opfuerderen, nei Gesetzer virzeschloen, an esou Afloss op d’EU-Politik huelen.

Symbolic - EU pen and flag

D’Plattform "Fit for Future" ënnerstëtzt d’Europäesch Kommissioun dobäi, bestoend Rechtsvirschrëften ze vereinfachen, de Verwaltungsopwand ze verréngeren a sécherzestellen, datt EU-Rechtsvirschrëften zukunftstauglech sinn. Bréngt Iech an!

Elections européennes

Europawale sinn all fënnef Joer. Jiddwer Memberstat huet eng fest Zuel vu Membere vum Europäesche Parlament. Lëtzebuerg huet 6 Deputéiert

Dialogue citoyen avec la Vice-Présidente Suica et des étudiants à la Salle Bech du Centre d'information au Luxembourg

Eis Vertriedung organiséiert reegelméisseg Konferenzen an Eventer zu Lëtzebuerg op déi dir häerzlecht invitéiert sidd an eis äre Feedback zu der EU kënnt ginn.