Dat ass de Slogan vun eiser neier Campagne. Eis Campagne baut op enger klorer Iddi op: D’EU ass Deel vun eisem Alldag – net nëmmen an den Haaptstied oder an de groussen Decisiounszentren. Vun der Landwirtschaft an dem Ëmweltschutz iwwer d’Mobilitéit bis bei d’lokal Entwécklung spillt si och am ländleche Raum eng konkret a wichteg Roll. An och ëmgedréint huet de ländleche Raum eng wichteg Roll fir Europa.
Mee wéi maache mir dat siichtbar? Wéi brénge mir Europa méi no bei d’Leit – direkt an hir Gemeng? An wéi kënne mir weisen, dass jiddereen zur Zukunft vun Europa een Deel ka bäidroen ?
Ganz einfach: Mir ginn der Visioun vun de Biergerinnen a Bierger eng sichtbar Plaz am ëffentleche Raum. Op enger markanter Façade an der Gemeng gëtt hir Stëmm lieweg – als staarkt Symbol fir Matbestëmmung.
Dofir huet d’Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, zesumme mat fënnef Gemengen – Wolz, Biissen, Diddeleng, Mäerzeg an Esch-Uelzecht – kreativ Atelieren organiséiert. Do gouf diskutéiert an Iddien ausgetosch: Wat bedeit d’EU fir iech an op lokalem Niveau? Wéi ass si an der Gemeng präsent? A wéi kann een dat bildlech ausdrécken ? E Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler war bei den Atelieren dobäi an huet d’Iddien opgeholl. Hie schafft se elo aus, fir datt se an e puer Wochen als grousst Wandbild – tëscht 73 m² an 234 m² – op enger prominenter Mauer an de jeeweilege Gemenge realiséiert ginn.
Et ass nach net ze spéit fir ären Input fir dës Graffitien ze ginn ! Op eise soziale Medie maache mir momentan een Opruff un alleguerten déi Leit déi nach wéilten de Graffiti matgestalten!
Déi nächst Schrëtt
D’Graffitie sollen als interaktiv Leinwand déngen a Biergerinnen a Bierger zum nodenke brénge wat d’EU fir si bedeit. Mat engem Selfie kënne si eis hir Iddien iwwert d’EU matzedeelen. D’Resultater, déi duerch dësen Austausch gesammelt ginn, sinn e wichtegt Instrument, fir eis Kommunikatioun an Zesummenaarbecht op lokalem Niveau an de kommende Joren ze stäerken.
Des weidere wäert den 9. Mee een EU-Quiz organiséiert gi fir de Leit hiert Wëssen iwwert d’EU ze testen (weider Informatioune komme geschwënn). D’Campagne fënnt hiren Ofschloss den 10. Mee um Europadag zu Wolz.
*Duerch de Gebrauch vum Lëtzebuergesche schwätzt d’Campagne ländlech Bevëlkerungsgruppen direkt un – op eng Manéier, déi hinne vertraut ass, Vertraue schaaft an authentesch wierkt. Och wann d’Lëtzebuergescht keng offiziell EU-Sprooch ass, erkennt d’Campagne d’Sprooch als wichtege Bestanddeel vun Identitéit an Zesummenhalt un – a si spillt esou och eng wichteg Roll als Bréck tëscht dem lokale Liewen an Europa.
