Creative Europe
Creative Europe ass de Kaderprogramm vun der EU Kommissioun fir Kultur an Europa ze ënnerstëtzen. D'Haaptziler vum Programm sinn :
- Erhalung, Weiderentwécklung a Promotioun vun der kultureller a sproochlecher Diversitéit an dem kulturelle Patrimoine vun Europa.
- D’Fërderung vum wirtschaftleche Potenzial vum kulturellen a kreative Secteur, besonnesch am audiovisuelle Beräich.
De Creative-Europe Desk hei zu Lëtzebuerg informéiert déi Kulturellschaffend iwwert déi verschidde Méiglechkeete vum Programm an ass do fir d’Leit mateneen ze vernetzen an ze beroden. De Mediavolet ënnerstëtzt d’Film- a Videospill Branchen a fërdert Koproduktiounen. Vum Developpement bis bei d’Distributioun. De Kultur Volet ënnerstëtzt all aner Kulturspaarten.
Esou gëtt zum Beispill de Sonic Visions Festival zu Esch Belval, d'UGDA mee och Lëtzebuerger Film Co-Produktiounen ewéi ‘Funan' oder ‚The Breadwinner‘ goufen vum EU Programm ënnerstëtzt.
Erasmus Plus
Erasmus + ass den EU-Programm fir d'Promotioun vun Educatioun, Ausbildung, Jugend a Sport an Europa. D'Schwéierpunkte vum Programm 2021-2027 si sozial Inclusioun, gréng an digital Transitiounen an d'Bedeelegung vu jonke Leit am demokratesche Liewen.
Am Joer 208/2019 hunn 594 Persounen aus Lëtzebuerg een Erasmus gemaach an 1 396 Leit sinn am Kader vun hirem Erasmus+, op Lëtzebuerg komm. Anefore ass d’Agence déi fir d’Ëmsetzung vun europäesche Programmer an de Beräicher vun der Educatioun, der Formatioun an der Jugend hei zu Lëtzebuerg zoustänneg ass.
Interreg Grande Région
De Programm Interreg Groussregioun ënnerstëtzt grenziwwerschreidend Kooperatiounsprojeten tëscht lokalen a regionalen Akteuren, esou wéi Micro-Projeten tëscht klenge Strukturen. Duerch grenziwwerschreidend Kooperatiounen engagéiert sech de Programm fir den Ofbau vu Grenzbarrieren an d'Harmoniséierung vun ënnerschiddleche Liewensbedingungen, andeems innovativ Projete mat Partner aus verschiddene Länner promouvéiert ginn.
D’Zil vum Projet „INTER’RED“ zum Beispill ass et, d‘Kooperatioun tëscht de Pompjeeën an der Groussregioun ze renforcéieren. Am Kader vum Projet gouf ënner anerem d‘Uschafung vun engem high tech Fuersimulator finanziell duerch europäesch Mëttelen ënnerstëtzt, op deen d‘Pompjeeën aus Lëtzebuerg, Däitschland an aus der Belsch kënnen zréckgräifen. De lëtzebuergesche CGDIS ass Partner vum Projet.
Plan de Relance
De Plan de relance, NextGenerationEU, ass d' Opbauinstrument am Wäert vun iwwer 800 Milliarden Euro vun der EU, an ass dofir do fir den ekonomeschen a gesellschaftleche Schued, den duerch Coronapandemie entstanen ofzefiederen a fir ee méi ëmweltfrëndlecht, digital a kriseresistent Europa opzebauen.
61 % vun den Investissementer vum Recovery Plang zu Lëtzebuerg si fir vum ëmwelt-a klimafrëndlech Investitiounen. Och de Projet Neischmelz zu Diddeleng gëtt mat 24 Milliounen Euro vun NextGenerationEU ënnerstëtzt. Dobäi geet et drëms fir aus enger fréieren Industriezon, een neie Wunnquartier ze maachen, wou Heizung an de Stroum ausschliisslech aus erneierbaren Energië kënnt.
Educatioun
D'Europäesch Unioun engagéiert sech fir d'Schafe vu besseren Aarbechtsplazen a fir eng Gesellschaft fräi vu sozialer Ausgrenzung. Den europäesche Sozialfong spillt eng wichteg Roll fir gerecht Aarbechtsplazen ze schafen an ass e Schlësselinstrument fir méi Chancëgläichheet, well en eng besser Ausbildung, modern ëffentlech Verwaltungen a sozial Inclusioun fërdert.
Projetensi ganz divers a punkto Typ, Gréisst an Ziler a si fir déi verschiddenst Zilgruppen ugepasst. E puer Projete riichten sech un Enseignanten a Studente fir d'Formatiounen ze verbesseren, aner si méi fir jonk oder eeler Leit op der Sich no enger Aarbecht. Esou gouf och zum Beispill déi Lëtzebuerger Start-up COCO world ënnerstëtzt.
Supercomputer
Dank hirer extrem héijer Rechekraaft kënne Supercomputer Milliarde vu komplexen a schwiereg Probleemer an enger Fraktioun vun der Zäit léisen, déi et fir normal Computeren oder Mënsche géing brauche fir dëst ze maachen. Supercomputer oder och ' High Performance Computing' erméiglechen zum Beispill Innovatiounen an der Automobil-, Raumfaartindustrie, se kënne benotzt gi fir chemesch Reaktiounen ze simuléieren, neurologesch Stéierungen ze verstoen a präzis medezinesch Behandlungen z'entwéckelen. Sie spillen och eng wichteg Roll an der Lutte géint de Klimawandel, well se Changementer an der Temperatur oder och d'Verhale vun de Mierer oder D'Entwécklung vun eise Buedenressource prezis kënnen iwwerwaachen.
D'European High Performance Computing Joint Undertaking (EuroHPC JU) ass eng gemeinsam Initiativ tëscht der EU, europäesche Länner a private Partner fir e 'Supercomputing Ecosystem' an Europa ze entwéckelen an ass zu Lëtzebuerg baséiert. Am Ganzen huet d'EU, aacht Supercomputer, dorënner och de Meluxina hei zu Lëtzebuerg.
Interreg Europe - Projet Night Light
Den Interreg Europe Programm ass een interregionalen EU-Kooperatiounsprogramm wou all EU Memberstaaten ewéi Norwegen an d’Schwäiz matmaachen.
Et geet drëms basierend op engem Erfahrungsaustausch mossgeschneiderte Léisungen ze fannen déi herno zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn an so bäidroen Politiken an Stratégien héi am Land zu verbesseren.
Mam europäesche Projet ‚Night Light‘ hunn sech regional Autoritéiten aus Holland, Ungarn, Spuenien, Lëtzebuerg, Dänemark, Slowenien an Italien zesumme gedoe fir hir regional Politik fir d'Preventioun vu Liichtverschmotzung, d'Erhalung vum däischteren Himmel ze verbesseren. Denn de Verloscht vun der natierlecher Däischtert huet en negativen Impakt op d'Biodiversitéit an d'Ökosystemer .
Och den Naturpark Our ass am Projet mat derbäi !
Enterprise Europe Network
Den Enterprise Europe Network ass de gréisste Reseau an der EU an hëlleft klengen a mëttel Betriber sech international ze etabléieren. D'Equipe hei zu Lëtzebuerg ass duerch eng Partnerschaft tëscht der Chambre de Commerce, der Chambre des Métiers a Luxinnovation entstanen, a bitt eng personaliséiert Berodung fir Betriber an hëlleft hinne fir international Kontakter ze knëppen.
Déi Lëtzebuerger Chocolatier Genaveh konnt duerch d'Ënnerstëtzung vum EEN Lëtzebuerg an Däitschland duerchstarten
Enterprise Europe Network zu Lëtzebuerg