Skip to main content
Représentation au Luxembourg

De Pressedéngscht vun der Vertriedung beméit sech, d’lëtzebuergesch Press iwwer europäesch Theemen ze informéieren an, an enker Zesummenaarbecht mat der Kommunikatiounsekipp, d’Bewosstsinn fir d’Roll vun der Europäescher Unioun am Liewe vun de Bierger a Biergerinnen ze schäerfen.

De Pressedéngscht reagéiert direkt op Ufroe vu Press a Medien zu europäeschen Theemen. Doriwwer eraus fërdert en aktiv d’Berichterstattung an den EU-Medien, andeems e reegelméisseg Mediekontakter knëppt a Pressematdeelungen zu aktuellen EU-Theemen erausgëtt, déi fir d’lëtzebuergesch Ëffentlechkeet vun Interessi sinn. De Pressedéngscht kann och Pressekonferenzen esou wéi Informatiouns- a Kommunikatiounsveranstaltungen organiséieren.

Contact à la Représentation

  • Pressespriecherin f.f
E‑Mail
Michele [dot] Roesgenatec [dot] europa [dot] eu
Telefonsnummer
(+352) 4301-30368

Spriecherdéngscht vun der Europäescher Kommissioun

Den zu Bréissel ugesidelte Spriecherdéngscht (SPP) vun der Europäescher Kommissioun ass direkt der EU-Kommissiounspresidentin ënnerstallt. D’Spriecherinnen a Spriecher si fir bestëmmt Politikberäicher zoustänneg a schaffen enk mat den nationale Vertriedunge vun der Europäescher Kommissioun zesummen. All Dag um 12.00 Auer steet de Spriecherdéngscht dem Bréisseler Pressecorps Ried an Äntwert zu aktuellen EU-Theemen. De sougenannte Midday-Briefing kann och online op Europe by Satellite live suivéiert ginn (kuckt ënnen).

Contact

Accréditation de la presse

Les dernières nouvelles de la Commission européenne

EU-wäit Presseressourcen

De Service audiovisuell

De Service audiovisuell vun der Europäescher Kommissioun bitt Journalistinnen a Journalisten eng Rëtsch gratis Material an Déngschtleeschtungen  un, dorënner Fotoen a Matschnëtter vu Pressekonferenzen oder Bildmaterial zu EU-Theemen. Dës fannt dir an der Mediathéik vum Service audiovisuel vun der Kommissioun. D’Notzung ass gratis, mee respektéiert d’ Copyright-Reegelen déi ugi sinn.

  • Europe by Satellite (EbS) ass den Tëlees-Informatiounsdéngscht vun der Europäescher Unioun. E stellt Medie schafenden audiovisuellt Material mat EU-Bezuch iwwer Satellit zur Verfügung. De Programm besteet aus enger Mëschung aus Live-Veranstaltungen, Noriichten a Bestandsopnamen zu EU-Politik an Theemen.
  • Service audiovisuell – Videoen
  • Service audiovisuell –  – Fotoen
  • Urhiewerrechtsbestëmmungen an Notzungsbedéngunge vun den audiovisuellen Dokumenter

Nëtzlech Links