Skip to main content
Représentation au Luxembourg
Website banner - NextGenEU
Den Europäeschen Opbauplang

D’Relance zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen

Am Dezember 2020 hunn sech d’Staats- a Regierungsspëtzte vun allen EU-Länner, d’Europäescht Parlament an d’Europäesch Kommissioun op en Opbauplang gëeenegt, deen déi duerch d’COVID-19-Pandemie verursaacht wirtschaftlech a sozial Schied offiedere soll.

Mam laangfristegen EU-Budget an dem Instrument NextGenerationEU sti Mëttel an der Héicht vun insgesamt 2.018 Milliarden Euro (zu jeeweilege Präisser*) fir den Opbau vun engem méi gréngen, méi digitalen a méi krisefesten Europa bereet.

Aus dem Programm NextGenerationEU kommen 806,9 Milliarden Euro**, 723,8 Milliarden Euro heivun als Prêten an Zouschëss iwwer d’Opbau- a Resilienzfazilitéit (ARF). Domat gi Reformen an Investitioune vun den EU-Länner ënnerstëtzt. Fir Suen aus der Opbau- a Resilienzfazilitéit ze kréien, leeën d’Memberstaaten national Opbau- a Resilienzpläng vir. Dora musse mindestens 37 % vun den Ausgabe fir de Klimaschutz an 20 % fir digital Investitiounen a Reforme virgesi sinn. D’Pläng si bis 2026 ëmzesetzen.

*1,8 Milliarden Euro zu Präisser vun 2018

**Dës Zuel gëtt an de jeeweilege Präisser uginn. Se bedréit 750 Milliarden Euro zu Präisser vun 2018.

De lëtzebuergeschen Opbauplang

Lëtzebuerg huet mam virgeluechten Opbau- a Resilienzplang 93,4 Milliounen Euro un Zouschëss aus der Opbau- a Resilienzfazilitéit (ARF), dem Häerzstéck vun NextGenerationEU, ugefrot. D’Mëttel aus der ARF maachen 51 % vum Plang fir de lëtzebuergeschen Opbau aus, deen eng Gesamtzomm vun 183,1 Milliounen Euro virgesäit. No Revisioun vun den Allocatioune goufen d'Subventioune vum RRF Instrument op 82,7 Milliounen d'Euro reduzéiert.

De lëtzebuergeschen Opbau- a Resilienzplang berout op dräi Sailen: sozialen Zesummenhalt a sozial Resilienz; ekologesche Wandel; Digitaliséierung, Innovatioun a Gouvernance. En ëmfaasst insgesamt 19 Reform- bzw. Investitiounsprojeten.

69 % vun de Gesamtmëttel vum Plang fir Reformen an Investitiounen si fir d’Klimaziler bestëmmt. De Plang gesäit virun allem Folgendes vir:

  • Den Ausbau vu Luetstatioune fir Elektrogefierer am ganze Land;
  • d’Aféierung vun engem "Naturpakt", zesumme mat de Gemengen, dee finanziell Ënnerstëtzung zugonschte vu Moossname fir den Erhalt vun der Biodiversitéit bereet stellt
Plan pour la reprise et la résilience au Luxembourg - exemple de projet

30 % vun de Gesamtmëttel fir d’Reformen an Investitiounen am Kader vum Plang si fir d’digital Ziler virgesinn; ënner anerem sollen nei  digital Verwaltungsdéngschter fir d’Entreprisen an d’Biergerinnen a Bierger geschaaft, esou wéi Léisungen am Beräich Telemedezin fir medezinesch Betreiung a Fernbehandlung vu Patientinnen a Patienten erméiglecht ginn.

Exemple projet next generation EU - numérique

Zu de wichtegste Moossname fir d’Stäerkung vun der wirtschaftlecher Resilienz vu Lëtzebuerg gehéiert besonnesch d’Bekämpfung vu Geldwäsch an d’Lutte géint d’Finanzéierung vum Terrorismus. Dëst soll duerch d’Adoptioun vun engem neie Gesetz erreecht gi wat d’Iwwerwaachung an deene Beräicher, ewéi déi verbonne Geforen, verbessert. Eng weider Moossnam, déi am Plang virgesinn ass, ass d’Schafung vun Onlineformatioune fir Leit op der Sich no enger Aarbecht a Kuerzaarbechter. Des weideren, ass och d’Ënnerzeechnung vum "Pacte logement 2.0" mat de Gemenge virgesinn. Mam Pacte Logement 2.0.  soll de Biergerinnen a Bierger den Zougang zu bezuelbarem an nohaltegem Wunnraum erliichtert ginn.

Exemple de projet NExtGenerationEU - logement abordable

E puer Beispiller fir Suen, déi Lëtzebuerg iwwer aner Programmer vun NextGenerationEU kritt huet, déi awer net am lëtzebuergeschen Opbau- a Resilienzplang enthale sinn:

  • Am Kader vun der europäescher Initiativ "REACT EU" krut Lëtzebuerg 140 Milliounen Euro bereetgestallt. 60 Milliounen Euro goufe wärend der Phas 2 vum Large Scale Testing fir d’Deckung vun de Käschten a Relatioun mat der Beschafung vum COVID-19-Diagnosismaterial esouwéi fir d’Verwaltung an d’Sensibiliséierung vun der breeder Ëffentlechkeet am Kader vum COVID-19-Krisemanagement benotzt. 10 Milliounen Euro goufe fir d’Kofinanzéierung vun der Impfung géint COVID-19 benotzt a 70 Milliounen Euro fir d’Ënnerstëtzung vum Kuerzaarbechtssystem zu Lëtzebuerg.

 

Informatiounsblat zum lëtzebuergeschen Opbauplang

Weider Informatiounen zum Europäeschen Opbauplang

Opbau- a Resilienzfazilitéit

Europäescht Semester 2021 – en ausseruerdentlechen Zyklus

 

D'Ëmsetzung vum lëtzebuergeschen Opbauplang

Visit of Ursula von der Leyen, President of the European Commission, to Luxembourg

 

  1. 30 Abrëll 2021
    Lëtzebuerg leet der Europäescher Kommissioun säin Opbau- a Resilienzplang vir

    No der Areechung vum lëtzebuergeschen Opbau- a Resilienzplang bei der Europäescher Kommissioun den 30. Abrëll 2021, ass d’ Bewäertung  lassgaangen. Dobäi huet d’Kommissioun gepréift, ob déi gréng an digital Investitiounen a Reformen déi am Plang festgehale sinn, effektiv wierksam si fir  déi aktuell Erausfuerderungen unzegoen a fir d’Wuesstempotenzial, d’Schafung vun Aarbechtsplazen an d’wirtschaftlech a d’sozial Resilienz vu Lëtzebuerg ze stäerken

  2. 18 Juni 2021
    D’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gëtt offiziell hir Zoustëmmung zum Opbau- a Resilienzplang vu Lëtzebuerg

    Den 18 Juni 2021 huet d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, zu Lëtzebuerg offiziell d’Geneemegung vum lëtzebuergeschen Opbau- a Resilienzplang duerch d’Europäesch Kommissioun ausgesprach. Am Kader vun hirem Besuch war d’Presidentin och zu Betzder, fir de Satellitteprojet "LuxQCI" ze besichen. Dëse Projet gëtt duerch d’Opbau- a Resilienzfazilitéit kofinanzéiert an erméiglecht d’Entwécklung an den Ausbau vun enger ultrasécherer Infrastruktur, déi op der Quantentechnologie berout an d’Sécherheet vun der Kommunikatioun am ëffentleche Beräich verbessere soll.

  3. 13 Juli 2021
    De Rot gëtt gréng Luucht fir de lëtzebuergesche Plang.

    Den 13. Juli 2021 huet de Rot gréng Luucht fir de lëtzebuergeschen Opbau- a Resilienzplang ginn. No der Geneemegung vum Plang duerch de Rot kënnen elo 13 % (12 Milliounen Euro) vun de Gesamtmëttel als Virfinanzéierung u Lëtzebuerg ausbezuelt ginn.

  4. 3 August 2021
    D’Europäesch Kommissioun bezilt 12,1 Milliounen Euro als Virfinanzéierung u Lëtzebuerg aus.

    Dës Virfinanzéierung soll d’Ëmsetzung vun de weesentlechen Investitiouns- a Reformmoossnamen, déi am lëtzebuergeschen Opbau- a Resilienzplang beschriwwe sinn, beschleunegen.

    Weider Bezuelunge gi fräiginn, esoubal Lëtzebuerg déi a sengem Plang beschriwwe Meilesteng an Ziler erreecht huet. Am lëtzebuergesche Plang ass e System fir de Monitoring vun der Projetsduerchféierung virgesinn. Op d'mannst zweemol d’Joer, wann Lëtzebuerg eng Demande fir d’Ausbezuele vun enger Tranche areecht, ass en Rapport ze erstellen.

  5. 17 Januar 2023
    Upassung vum Plang

    De Plang gouf geännert fir d'Revisioun vum maximale finanzielle Bäitrag vun 93,4 Milliounen Euro op 82,7 Milliounen Euro ze berecksichtegen. D'Digital Skills Moossnam, e Programm fir digital Fäegkeeten ze fërderen, gouf annuléiert.

  6. 16 Juni 2023
    Éischt Versement

    Lëtzebuerg huet 20,2 Milliounen Euro u Subventioune kritt, nodeems d'Land déi éischt 26 Ziler a Meilesteen erfëllt huet.