Erasmus+
Erasmus+ ass warscheinlech de bekanntste Fërderprogramm vun der EU fir Studenten, Formatiounen, Jugend a Sport.
Mam Programm vun Erasmus+ hu scho Millioune vun Europäer an Europäerinnen nei Andréck an Erfarungen am Ausland gemaach. Sief et fir de Studium, berufflech Ausbildung, oder Fräiwëllegenasaz am Ausland.
Elleng am Joer 2019 hunn 3 032 Persounen un 49 lëtzebuergesche Projeten deelgeholl.
Europäesche Solidaritéitscorps
Zanter 2016 hu méi ewéi 161 000 Jonker tëschent 18 an 30 Joer beim Europäesche Solidaritéitscorps matgemaach an u Projeten deelgeholl, déi Gemeinschaften, am Ausland oder am eegene Land, zegutt komm sinn.
Léiereck
Am Léiereck fanne Schüler aus dem Primär a Secondaire Spiller an Aktivitéiten, fir d’EU op spilleresch Aart a Weis an der Schoul oder doheem ze entdecken. D’Säit bitt och allerlee Informatioune fir déi, déi ee Studium oder Fräiwëllegenaarbecht am Ausland wëlle maachen.
Ausserdeem fënnt Léierpersonal hei Unterrechtsmaterial fir all Altersgruppen a kann domat hire Cours virbereeden a sech iwwer d’Méiglechkeete vun der Vernetzung mat anere Schoulen a Léierpersonal an allen EU-Länner informéieren.
Se kënnen och gratis Info-Material vun EU Publications bestellen oder eroflueden.
Stage bei der Europäescher Kommissioun
Zwee mol am Joer ginn Stagë bei der Europäescher Kommissioun ausgeschriwwen (och nach bekannt ënner “bluebook-Stagen”). Dobäi handelt et sech em ee Stage vu fënnef Méint bei der Europäescher Kommissioun, ee fänkt am Mäerz, den zweeten am Oktober, un. Bewerbunge fir d’Mäerz-Sessioun mussen am Juli/August vum Virjoer agereecht ginn, Bewerbunge fir d’Oktober-Sessioun am Januar.
Et ass och méiglech, e bluebook-Stage bei eis an der Vertriedung zu Lëtzebuerg ze maachen. Zousätzlech bitt eis Vertriedung och onbezuelte Stagë fir e bestëmmten Zäitraum un,. Dofir braucht dir ee Stageofkommes mat ärer Universitéit/Schoul. Bewerbunge sinn u comm-rep-luxec [dot] europa [dot] eu ze riichten.
Och déi aner Institutioune vun der Europäescher Unioun bidde Stagen un. Weider Infoe fannt dir ënnert dem folgendem Link : “Méi gewuer ginn.