Skip to main content
Représentation au Luxembourg

Lëtzebuerg an der EU

D’Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger an der EU

E gemeinsame Memorandum vun de Benelux-Länner huet zur Aberuffung vun der Konferenz vu Messina am Juni 1955 geféiert, déi der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft de Wee virbereet huet. Fir Lëtzebuerg war et de Joseph Bech, dee bei dëser Aarbecht matgewierkt huet. 1960 huet de fréiere Premier- an Ausseminister – ee vun de Grënnerpappe vun der europäescher Integratioun – de Karlspreis iwwerreecht kritt, a Wierdegung vu véierzeg Joer Asaz fir d’Eenegung vun Europa, déi am ale Vëlkerbond ugefaangen, an an den europäeschen Institutiounen hir zilbewosst Fortsetzung fonnt huet.

Dräi fréier lëtzebuergesch Premierministeren hu schonn d’Amt vum President vun der Europäescher Kommissioun iwwerholl: de Gaston Thorn (1981 – 1985), de Jacques Santer (1995 – 1999) an de Jean-Claude Juncker (2014 – 2019). De Jean-Claude Juncker war vun 2005 bis 2013 ausserdeem President vum Eurogrupp.

De fréiere lëtzebuergesche Premier- a Finanzminister Pierre Werner gëtt dacks als Papp vum Euro ugefeiert. Ufank vun den 1970er-Joere war hie Virsëtzende vun engem Grupp vun Experten, déi am Kader vum Sommet vun Den Haag beoptraagt goufen, d’Méiglechkeete vun enger Entwécklung hin zu enger Wirtschafts- a Wärungsunioun ze sondéieren. De Werner-Plang huet déi weesentlech Bestanddeeler vun der haiteger Wirtschafts- a Wärungsunioun enthalen.

Banner - Luxembourg, Capitale européenne

Lëtzebuerg, EU-Haaptstad