Skip to main content
Représentation au Luxembourg
budget banner
Finanzéierung a Subventiounen

Finanziell Ënnerstëtzung fir Entreprisen a Fuerschung

Finanzéierung vu klengen a mëttel Entreprisen

Den Zougang zu Finanzéierungen ass en Theema, mat deem vill kleng a mëttel Entreprise (KME) am Laf vun hirer Entwécklung konfrontéiert sinn. COSME, den EU-Programm fir KME, ass entstanen, fir den Zougang zu Finanzéierungen an allen Entwécklungsphase vun enger Entreprise, vun der Grënnung bis zur Expansioun, ze erliichteren.

Innovativ lëtzebuergesch Entreprisë kënnen och am Kader vum EIC Accelerator (fréier KMU-Instrument genannt) eng Finanzéierung an Ënnerstëtzung vun der EU fir revolutionär Projeten ufroen. Den EIC Accelerator erméiglecht besonnesch innovativen europäeschen Entrepreneuren, eng Finanzéierung fir revolutionär Iddien unzefroen.

Den Europäesche Fong fir strateegesch Investitiounen (EFSI) verfüügt iwwer eng Ulafstell fir KME, déi bis zu 5,5 Milliarden Euro u Finanzéierungsressourcë bzw. Garantië ubidden. Finanzéierungs-a Berodungsdéngschter fir innovativen Entreprisë stellt och InnovFin bereet, eng gemeinsam Initiativ vun der Europäescher Investitiounsbank (EIB) an dem Europäeschen Investitiounsfong (EIF) a Kooperatioun mat der Europäescher Kommissioun.

EIC Accelerator

COSME, EU-Programm fir kleng a mëttler Entreprisen

Europäesche Fong fir strateegesch Investitiounen (EFSI)

InnovFin – EU-Mëttel fir Innovatiounen

 

Finanzéierung vun der Fuerschung

Fuerschungsfinanzéierung

D’Finanzéierung vu Fuerschung an Innovatioun ass fir d’Verwierklechung vun den Nohaltegkeetsziler vun der Europäescher Kommissioun, déi am Gréngen Deal beschriwwe ginn, an fir d’Gelénge vum digitale Wandel vun der EU, onverzichtbar.

Horizont Europa ass de Kaderprogramm vun der EU fir Fuerschung an Innovatioun a verfüügt fir d’Programmlafzäit vun 2021 bis 2027 iwwer e Budget vu 95,5 Milliarden Euro. Am Joer 2020 hunn iwwer 120 lëtzebuergesch Partner un EU-finanzéierte Fuerschungsprojete matgewierkt – eng Steigerung ëm 25 % am Verglach zum Virjoer.

D'EU ënnerstëtzt och Fuerscherinnen a Fuerscher an alle Phase vun hirer Karriär an akadeemescher Ausbildung.

Luxinnovation ass déi national Kontaktstell a kann Iech bei der richteger Virgangsweis ënnerstëtzen.

Gitt gewuer, wéi d’EU d’Fuerschung zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt

Erfollegräich Beispiller fir d’Finanzéierung duerch Horizont Europa zu Lëtzebuerg