Skip to main content
Représentation au Luxembourg
Banner - entreprendre dans l'Union européenne
Entreprenariat an der Europäescher Unioun

Nëtzlech Informatiounen a Ressourcë fir grouss, kleng a mëttel Betriber zu Lëtzebuerg

D’Europäesch Unioun ass mat 450 Millioune potenzielle Konsumentinnen a Konsumenten ee vun de gréisste Mäert op der Welt.

Onofhängeg vun hirer Gréisst sinn déi lëtzebuergesch Entreprisen Deel vun dësem dynameschen EU-Handelsraum, dee fir Wirtschaftswuesstem suergt, Aarbechtsplaze schaaft an de Bedéngunge fir Entreprisë verbessert.

Kleng a mëttel Betriber an der EU

Kleng a mëttel Betriber (KME) beschäftegen zwee Drëttel vun allen Aarbechterinnen an Aarbechter a schafe 85 % vun allen neien Aarbechtsplazen an der EU. Se sinn e feste Bestanddeel vun der europäescher Wirtschaft an d’Europäesch Kommissioun bitt Informatiounen, Ënnerstëtzung a Finanzéierungsquellen, fir hir Entwécklung an hire Wuesstem ze fërderen. Kleng a mëttel Betriber kënne virun allem:

  • Vun der fräier Zirkulatioun vu Wueren an Déngschtleeschtungen an der gesamter EU ouni Douane a regulatoresch Hürde profitéieren;
  • A Situatiounen ewéi der Corona-Pandemie an dem Brexit mat Ënnerstëtzung a Solidaritéit säitens der EU rechnen;
  • Op d’Verhandlungsmuecht vun der EU bauen, déi hinnen duerch Handelsofkommesse mat anere Länner a Regiounen den Zougang zu de Weltmäert erliichtert.

Informatiouns- an Ënnerstëtzungsnetzer fir Entreprisen

Är europäesch Entreprise

Hei fannt dir Informatiounen zur Grënnung a Féierung vun enger Entreprise oder enger Start-up an der EU, Steiervirschrëften, Personalwiesen, Produktufuerderungen a Finanzéierung..

Är Berodung an Europa

En Netzwierk vun onofhängegen Affekoten an Affekotinnen, déi esouwuel mam EU-Recht ewéi och mat den nationale Rechtsvirschrëfte vun allen EU-Länner vertraut sinn, mat follgender Offer:

  • gratis a personaliséiert Réckmeldungen an där vun Iech gewielter offizieller EU-Sprooch bannent enger Woch;
  • Erklärungen zu den an Ärem Fall uwennbaren EU-Rechtsvirschrëften;
  • Informatiounen doriwwer, wéi Dir Är Rechter an der EU ausübe kënnt.

SOLVIT

Ongerecht Reegelungen oder Entscheedungen an diskriminéierend Bürokratie kënnen Iech d’Liewen, d’Aarbecht oder d’Geschäftstätegkeet an engem aneren EU-Land erschwéieren. Wann Dir als EU-Bierger oder Biergerin oder als Entreprise aus der EU mat Problemer konfrontéiert sidd, well sech eng Autoritéit vun engem aneren EU-Land net un d’EU-Recht hält, da ka SOLVIT Iech hëllefen!

Erasmus fir Jonk Entrepreneren

De grenziwwerschreidenden Austauschprogramm "Erasmus fir jonk Entrepreneuren" bitt neie bzw. ugoenden Entrepreneuren d’Méiglechkeet, vunn erfuerenen Entrepreneuren an engem aneren deelhuelende Landze léieren.

Enterprise Europe Network (EEN) Lëtzebuerg

Dir wëllt Är Geschäftsaktivitéiten an Europa erweideren? Dir sicht no engem Technologiepartner an Europa? Dir sidd op der Sich no europäesche Finanzéierungsméiglechkeete fir Är Projeten? D’Expertinnen an Experte vum EEN Lëtzebuerg bidden Iech Informatiounen, Berodung an Entwécklungsfërderung wärend der gesamter Dauer vun Ärem Innovatiouns- an Internationaliséierungsprojet. Dës Déngschtleeschtunge sinn op kleng-a mëttel Betriber zougeschnidden, stinn awer och allen aneren Entreprisen, Universitéiten a Fuerschungszentren zur Verfügung.

Access2Markets

E speziellt Portal fir den Export aus der EU an den Import an d’EU, mat detailléierten Informatiounen iwwer Douane, Steieren, Virschrëften a Produktufuerderunge fir all EU-Länner an iwwer 120 weider Mäert weltwäit.

European Cluster Collaboration Platform (Europäesch Plattform fir Cluster-Zesummenaarbecht)

Onlinevernetzungsinstrument mam Zil, Handelspartner op Basis vu Länner, Regiounen, Industriebranchen oder Ekosystemer ze fannen. (Nëmmen op Englesch disponibel.)

Beschäftegung a Soziales an der EU

Informatiounen, Aktuelles a Veranstaltungen zur Beschäftegungsstrategie an de Beschäftegungspoliticke vun der EU; inklusiv Rechter, Kompetenzen a Qualifikatioune vun de Beschäftegten, Mobilitéit, Sozialschutz a sozial Inclusioun.

European Intellectual Property Helpdesk (Europäeschen Helpdesk fir geeschtegen Eegentum)

En Helpdesk fir geeschtegen Eegentum (IPR), dee gratis Ënnerstëtzung ubitt fir europäesch kleng a mëttel Betriber a Begënschtegter vun EU-finanzéierte Fuerschungsprojete bei der Verwaltung vun hirem geeschtegen Eegentum am Kader vun transnationale Geschäftsaktivitéiten oder Fuerschungs- oder Innovatiounsprogrammer an der EU. (Nëmmen op Englesch disponibel.)

Nëtzlech Linken

Wéi d’EU-Politik Lëtzebuerg ënnerstëtzt

Weiderféierend Informatiounen zur Geschäftswelt, zur Wirtschaft vun der EU an zum Euro

Weiderféierend Informatiounen zu Finanzéierungen an Ausschreiwungen

KME-Strategie vun der EU fir en nohaltegt an digitaalt Europa (PDF)