Aféierung an d'Europäesch Unioun
D’Europäesch Unioun (EU) huet hiren Ursprong an der Zäit nom Zweete Weltkrich. Am Ufank stoung d’Fërderung vun der wirtschaftlecher Zesummenaarbecht am Virdergrond. Dohanner stoung d’Iddi, datt Länner, déi Handel mateneen dreiwen, sech och wirtschaftlech verflechten an dowéinst Kricher an Ausenanersetzungen éischter vermeiden.
D’Resultat war 1958 d’Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) an eng wuessend wirtschaftlech Zesummenaarbecht, ursprénglech tëschent sechs Länner, nämlech der Belsch, Däitschland, Frankräich, Italien, Lëtzebuerg an Holland. Zanterhier si weider 22 Länner dobäikommen a bilden dat, wat mir zanter 1993 "Europäesch Unioun" nennen. D’Vereenegt Kinnekräich ass den 31. Januar 2020 offiziell aus der EU ausgetratt, woubäi bis Enn 2020 nach eng Iwwergangsfrist gegollt huet.
De Grondsaz vun der EU berout um Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet. Hiert gesamt Handelen baséiert op fräiwëlleg an demokratesch vun alle Memberstaten ausgehandelte Verträg . An dëse verbindlechen Accorde sinn d’Ziler festgeluecht, déi d’EU an hire sëllegen Zoustännegkeetsberäicher verfollegt.
Aktuell EU-Länner a Kandidatelänner
Illustratioun: "Europa unita per il progresso e per la pace" Italieenescht Plakat zur Feier vun der Ënnerzeechnung vun de Verträg zur Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) an der Europäescher Atomgemeinschaft (EAG oder Euratom) de 25. Mäerz 1957 zu Roum.

Institutiounen vun der EU
Déi institutionell Struktur vun der EU ass eenzegaarteg. Op reegelméissege Sommete leeën d’Staats- a Regierungscheffe vun de Memberlänner gemeinsam mat der EU Kommissiounspresidentin an dem President vum Europäesche Rot d’politesch Schwéierpunkte fest.
Follgend Institutiounen (méi genee gesot EU-Organer) si maassgeeblech un der EU-Rechtsetzung bedeelegt:
- D’Europäescht Parlament: Vun den EU-Biergerinnen a ‑Bierger gewielt, stëmmt d’EU-Parlament iwwer Rechtsvirschrëften, Ofkommessen a Budgete vun der EU of a kontrolléiert déi aner Institutiounen.
- Den Europäesche Rot bréngt d’Staats- a Regierungscheffe vun alle Memberstaten zesummen, fir gemeinsam mat der EU-Kommissiounspresidentin an dem President vum Europäesche Rot déi allgemeng Richtung an d’politesch Prioritéite vun der EU festzeleeën.
- De Rot vun der Europäescher Unioun oder Ministerrot setzt sech zesummen aus de Fachministeschen a ‑ministeren vun de Memberstaten; verhandelt an adoptéiert gemeinsam mam Parlament EU-Rechtsvirschrëften.
- D’Europäesch Kommissioun: D’Exekutiv vun der EU, déi EU-Rechtsvirschrëften ausschafft an d’Beschlëss vun de gesetzgeebenden Organer ëmsetzt.
De Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun séchert d’Anhale vum EU-Recht
D’EU huet och eng diplomatesch Vertriedung, den Europäeschen Auswäertegen Déngscht