All fënnef Joer, jeeweils um Ufank vun der neier Amtszäit vun der Europäescher Kommissioun, leet d’Presidentin bzw. de President d’politesch Prioritéite vun der Kommissioun fest.
Ausgoend vum Resultat vun den Europawalen 2019 an dem vum Europäesche Rot an dem Europäesche Parlament iwwerdroene Mandat, huet d’Kommissioun sech ënner der Presidentin Ursula von der Leyen éiergäizeg Ziler fir d’Zukunft vun Europa gesat:
- Klimaneutralitéit bis 2050
- d’2020er-Joer zum digitale Joerzéngt vun Europa maachen
- Europa méi geopolitesch opstellen a méi Gewiicht op der Weltbün iwwerdroen
D’Prioritéite vun der Europäescher Kommissioun
Den Europäeschen Opbauplang
Zousätzlech zu de 6 Prioritéiten, huet d’Europäesch Kommissioun och en eenzegaartegen Opbau- a Resilienzprogramm initiéiert, fir Europa no der COVID-19-Pandemie sozial ewéi wirtschaftlech nees op Kurs ze bréngen.
Nëtzlech Linken
Politesch Leitlinnen 2019 – 2024
Kommissioun von der Leyen – zwee Joer am Amt
Aarbechtsprogramm vun der Europäescher Kommissioun