Skip to main content
Représentation au Luxembourg

Accessibilitéitsdeklaratioun

Website - Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg

Dës Deklaratioun gëllt fir Inhalter déi um Domaine publizéiert ginn: '[https://luxembourg.representation.ec.europa.eu/index_lb]'
Si gëllt net fir aner Inhalter oder Websäiten déi op engem vun hiren Ënnerdomaine publizéiert ginn. Dës Websäiten an hiren Inhalt hunn hir eege spezifesch Accessibilitéitsdeklaratiounen.

Dës Websäit gëtt vun DG COMM – Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg geréiert. Si ass entwéckelt fir vu maximal villen Leit benotzt kënnen ze ginn, och Leit mat enger Behënnerung.

Dir sollt capabel sinn:

  • z.B. ouni Problemer bis zu 200% zoomen
  • de gréissten Deel vun der Websäit just mat enger Tastatur navigéieren
  • de gréissten Deel vun der Websäit mat engem modernen Ecran-Lieser a Sproocherkennungssystem (op Ärem Computer oder Telefon) ze navigéieren

Dës Websäit ass entwéckelt fir den technesche Standard fir Websäiten a mobil Appen EN 301 549, v.3.2.1 ze respektéieren. Si respektéiert genau den Niveau 'AA' vun de Web Content Accessibility Guidelines (WCAG) Versioun 2.1.

 

Konformitéitsstatus

Dës Websäit entsprécht deelweis dem technesche Standard EN 301 549 v.3.2.1 an de Web Content Accessibility Guidelines (WCAG) 2.1 Level AA. Kuckt "Net accessibelen Inhalt" fir méi Detailer.

D'Websäit gouf fir d'lescht den 08.12.2023 getest.

 

Erstellung vun dëser Deklaratioun

Dës Deklaratioun gouf den 08.12.2023 erstallt.

Am Aklang mam Artikel 3(1) Duerchféierungseschloss (EU) 2018/1523 (2) vun der Kommissioun gouf eng Selbstbewäertung vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg duerchgefouert. Dës Deklaratioun baséiert op engem manuell duerchgefouertem Exame mat Informatiounen déi vun Accessibilitéitskontroll-Tools wéi lighthouse a BOSA geliwwert goufen. Manuell Accessibilitéitskontrolle goufen och vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg duerchgefouert, déi an den Exame mat agefloss sinn.

 

Feedback

Äre Feedback iwwert d'Accessibilitéit vun der Websäit vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg ass wëllkomm.. Sot eis w.e.g. Bescheed, falls Dir op Accessibilitéitsbarrièren stousst:
 

  • Telefon: +352 4301-34925
  • E-Mail: comm-rep-luxatec [dot] europa [dot] eu (comm-rep-lux[at]ec[dot]europa[dot]eu)

Mir probéiere bannent 15 Aarbechtsdeeg nom Datum vun Empfang duerch den zoustännege Service vun der Kommissioun op Feedback ze reagéiere.

 

Kompatibilitéit mat Browseren an ënnerstëtzenden Technologien

D'Websäit vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg ass entwéckelt fir kompatibel mat deene folgendenden, meescht benotzten ënnerstëtzenden Technologien ze sinn:

déi lescht Versioun vu Google Chrome an Apple Safari;

 

Technesch Spezifikatioune

D'Accessibilitéit vun der Websäit vun der Europäescher Kommissioun gëtt duerch déi follgend Technologien ënnerstëtzt a baséiert op enger Kombinatioun vu Webbrowser an ënnerstëtzenden Technologien oder Plug-ins déi op Ärem Computer installéiert sinn:

  • HTML
  • WAI-ARIA
  • CSS
  • JavaScript
  • PDF

 

Net accessibelen Inhalt

Trotz eisen Efforte fir d’Accessibilitéit vun der Websäit vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg ze garantéieren, si mir iwwert verschiddenen Aschränkungen au courant, a schaffen drun se ze besäitegen. Hei drënner fannt Dir eng Beschreiwung vu bekannten Aschränkungen a potenzielle Léisungen. Kontaktéiert eis w.e.g. wann Dir e Problem begéint deen hei drënner net opgelëscht ass.

Bekannt Aschränkunge fir d'Websäit vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg:

  1. Verschidde Säiten hunn e schlechte Faarfkontrast. Dëst kann d'Liesbarkeet vum Inhalt op der Websäit beaflossen an dofir faarweblann Benotzer oder Benotzer mat reduzéierter Visioun betreffen.
  2. Vill Beschrëftunge sinn net korrekt mat hiren entspriechenden Felder am Formulaire verbonnen. Dës Beschrëftungen si wichteg an hëllefen den Inhalt fir Benotzer vun Ecran-Lieser  a Leit mat kognitive Behënnerunge verständlech ze maachen. Mir plangen de Problem am Laf vun 2024 ze korrigéieren.
  3. Verschidde Biller hu keng Bild-Beschreiwungen. Dëst kéint d'Qualitéit vun den Ecran-Liesinstrumenter beaflossen, déi Biller beschreiwe fir Lieser déi eng visuell Behënnerung hunn. Mir schaffe kontinuéierlech dorun, méi Biller eng Beschreiwung ze ginn.
  4. E puer Knäppercher an / oder Links hu kee liesbaren Text. Knäppercher an / oder Links brauche liesbaren Text tëscht den Ufanks- an Enn Tags, esou dass d'Benotzer vu Sproocherkennungssoftware kënne wësse wéi een Text si schwätze musse fir de Knäppchen an / oder d'Links z'aktivéieren. Mir plangen de Problem an der éischter Hallschent vum Joer 2024 ze korrigéieren.
  5. Verschidden Dokumenter sinn am PDF Format a net accessibel. Mir plangen de Problem an der éischter Hallschent vum Joer 2024 ze korrigéieren.
  6. E puer Inhalter ginn an enger anerer Sprooch ugewise wéi de Standard vun der Säit.
  7. (Europa Component Library) Rubricken Hierarchie: Verschidde Säite presentéieren Inhalt net an enger Organisatioun vun hierarchesche Rubricken. Mir plangen dëst bis Mäerz 2024 ze korrigéieren.
  8. (EWPP) Navigatioun vum Accessibilitéits Menü: Verschidden Inhalter sinn net optimal encodéiert, fir déi bescht Erfarung mat engem Ecran-Lieser ze ginn. Mir plangen dëst Thema bis Mäerz 2024 ze korrigéieren.
  9. (Webtools) Interaktiv Kaarten: Interaktiv Kaarte sinn net accessibel fir Leit mat enger visueller Behënnerung oder Benotzer déi d’Tastaturnavigatioun benotzen. Mir plangen dëse Problem bis Mäerz 2024 ze korrigéieren.
  10. (Webtools) Feedback Form - Feelermeldungen: D’ Feelermeldungen am Feedback-Formulaire sinn net mam Feld verbonnen an deem de Feeler festgestallt gouf a weisen net kloer a wéi engem Feld de Feeler festgestallt gouf. Mir plangen dëse Problem bis Dezember 2023 ze korrigéieren.
  11. (Webtools) Grafiken an Diagrammer - Benotzung vu Faarf: Verschidde Grafiken an Diagrammer op der Websäit baséieren eleng op Faarf fir Informatioun ze vermëttelen, wat fir Leit déi Visiounsproblemer hu konfus ass. An Grafiken an deenen et kee visuelle Lien tëschent de Beschrëftungen an dem entspriechenden faarwegen Deel gëtt, kann een op d’Beschrëftunge klicke fir déi entspriechend Linn, Barren oder Sektioun unzeweisen esou dass ee gesäit wéi eng Beschrëftunge mat wéi engen Deeler vun der Grafik zesummen hänken. Mir plangen dëse Problem am Laf vun 2024 ze korrigéieren.
  12.  (AV portalVideo Ennertitelen: E puer vun eise Videoen hu keng Ënnertitelen. Mir schaffe kontinuéierlech dru fir si a méi Videoen anzefügen.
  13. Audio track: Déi meescht Videoen hu keng Audio Spuer; dat ka momentan net gemaach ginn.
  14. (AV portalVideo player –Accessibilitéit vun der Tastatur: Mir si au courant iwwert verschidde Problemer mat der Accessibilitéit vun der Tastatur vun eisem Video Player (wann Dir d'Spuer vun den Ënnertitelen aus dem Menü auswiele wëllt, ass et net méiglech d'Feil-Tasten ze benotze, dëst kann nëmme mat der TAB-Tast gemaach ginn).
  15. Beweegend, oder blénkenden Inhalter: Dëst ka potenziell oflenken an / oder fotosensibel Epilepsie ausléisen. Op eiser Websäit ass dëst selten e Problem. Et kéint e puer Blëtzer a Videoe ginn.