
Bei der Konferenz iwwert d’Zukunft vun Europa handelt et sech ëm vu Biergerinnen a Bierger gedroen Debatten an Diskussiounsreien. Mënschen aus ganz Europa kënnen hei hir Iddien austauschen an eis gemeinsam Zukunft matgestalten. Verschaaft Iech Gehéier!

Bei den ëffentleche Consultatioune vun der EU kënnt Dir är Meenungen an Input zu neien EU-Gesetzesvirschléi an Proposen ofginn. Ma och zu bestoende Politiken a Rechtsvirschrëfte kënnt Dir Är Verbesserungsvirschléi abréngen.

Mat der europäescher Biergerinitiativ kënnt Dir d’EU-Kommissioun opfuerderen, nei Gesetzer virzeschloen, an esou Afloss op d’EU-Politik huelen.

D’Plattform "Fit for Future" ënnerstëtzt d’Europäesch Kommissioun dobäi, bestoend Rechtsvirschrëften ze vereinfachen, de Verwaltungsopwand ze verréngeren a sécherzestellen, datt EU-Rechtsvirschrëften zukunftstauglech sinn. Bréngt Iech an!

Europawale sinn all fënnef Joer. Jiddwer Memberstat huet eng fest Zuel vu Membere vum Europäesche Parlament. Lëtzebuerg huet 6 Deputéiert

Eis Vertriedung organiséiert reegelméisseg Konferenzen an Eventer zu Lëtzebuerg op déi dir häerzlecht invitéiert sidd an eis äre Feedback zu der EU kënnt ginn.