Skip to main content
Représentation au Luxembourg
website header - appels d'offres et subventions
Ausschreiwungen a Bekanntmaachunge vun Opträg

Nëtzlech Informatiounen

Bekanntmaachungen

D’Europäesch Kommissioun zentraliséiert d’Verëffentlechung vun zwou Zorte vu Bekanntmaachungen op engem online Ausschreiwungsportal dem "Tenders Electronic Daily" – TED):

  • Ausschreiwunge fir EU-Memberstaaten, Kandidatelänner, Länner vum Europäesche Wirtschaftsraum (EWR) an d’Schwäiz: Bekanntmaachunge vun Opträg fir ëffentlech Aarbechten, Liwwerungen, Déngschtleeschtungen an ëffentlech Déngschter
  • Ausschreiwunge fir Institutiounen, Agencen an aner Ariichtunge vun der EU: ëffentlech Aarbechten, Liwwerungen an Déngschtleeschtungen, Opfuerderunge fir Interessi ze weisen a järlech Lëscht vu Vertragspartner.

Ëffentlech Opträg an Europa (TED)

Ausschreiwunge vun den EU-Institutiounen (TED-eTendering)

Weider Ausschreiwungen um Finanzéierungs- an Ausschreiwungsportal (SEDIA)

 

D’Vertriedung zu Lëtzebuerg mécht och Ausschreiwungen:

Finanzhëllefen

Eng Finanzhëllef déngt der Fërderung vu Projeten déi déi politesch Ziler vun der EU verwierklechen. Finanzhëllefe ginn a verschiddene Beräicher vergi – vu Fuerschung a Bildung bis hin zu humanitärer Hëllef. Se ginn u privat an ëffentlech Ariichtungen a kënnen an Ausnamefäll och un Eenzelpersoune vergi ginn.

Finanzhëllefe sinn eng Aart zousätzlech Finanzéierung. Am Prinzip finanzéiert d’EU keng Projeten zu 100%.Dat bedeit, datt déi begënschtegt Organisatioun, där hire Projet vun  EU-Gelder ënnerstëtzt gëtt, de Projet och selwer muss matfinanzéieren (kofinanzéieren) Kritt eng Empfängerorganisatioun fir d’Duerchféierung vun engem Projet eng Finanzhëllef, muss se also selwer och zur Finanzéierung bäidroen.

Finanzhëllefe ginn haaptsächlech am Kader vu(n) Opfuerderunge fir d’Areechung vu Virschléi verginn.