Skip to main content
Représentation au Luxembourg

Problemer oder Plainten?

Problemer mellen oder Plainten areechen

Sidd Dir der Meenung, datt Är Rechter vun enger Autoritéit, enger ëffentlecher Ariichtung oder enger Entreprise an engem EU-Land verletzt goufen? Déi bescht Ulafplaze fir Problemer ze mellen oder Plainten anzereechen, sinn um nationalen Niveau.

An der Reegel ass et fir Iech méi liicht, Är Rechter an deem Land duerchzesetzen, an deem Dir lieft. D’Europäesch Unioun bitt awer och Rechtsmëttel, déi Iech ënner Ëmstänn hëllefe kënnen, besonnesch wann d’Ugeleeënheet eng EU-Institutioun betrëfft.

Op nationalem Niveau

Den Europäesche Biergerbeoptraagten (Ombudsman)

Den Europäesche Biergerbeoptraagte verfollegt Plaintë vu Persounen, déi sech vun engem ëffentlechen Déngschtleeschter ongerecht behandelt fillen, dorënner staatlech Verwaltungen, lokal Autoritéiten, Fleegeheemer an ëffentlech Bildungsariichtungen.

La Ligue des Droits de l’Homme a.s.b.l.

ASBL, déi sech fir de Schutz an d’Fërderung vun de Mënscherechter asetzt.

CET – Den Zentrum fir Gläichbehandlung

Den onofhängege CET huet d’Aufgab, d’Gläichbehandlung ze fërderen, ze analyséieren an z’observéieren, respektiv d’ Diskriminéierung opgrond vun  ethnescher Zougehéieregkeet, Geschlecht, sexueller Orientéierung, Relioun oder Alter ze verhënneren.

SOLVIT Luxembourg

En informellt Netzwierk vun der Europäescher Unioun zur Léisung vu Problemer tëscht EU-Biergerinnen a ‑Bierger oder  Entreprisen an ëffentleche Verwaltungen. .

Den europäesche Verbraucherzentrum zu Lëtzebuerg

Hëlleft bei der Schlichtung vu Streidegkeeten tëschent Konsumentinnen a Konsumenten an Händler oder Déngschtleeschter a verschiddenen EU-Länner esou wéi an Norwegen, an Island an am Vereenegte Kinnekräich.

Fannt en Europäesche Verbraucherzentrum (EVZ) an engem aneren EU-Land

D’Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF)

National Stell, déi fir d’aussergeriichtlech Beaarbechtung vu Verbraucherplainten am Beräich vu Finanzdéngschtleeschtungen zoustänneg ass.

Fannt en Netzwierk fir d’Bäileeung vu finanzielle Streidegkeeten (FIN-NET) an engem aneren EU-Land

Op EU-Niveau

D’Europäesch Ombudsstell

Eng onofhängeg an onparteiesch Stell, déi Plaintë vu Persounen, Entreprisen an Organisatiounen iwwer d’Tätegkeete vun EU-Institutiounen ënnersicht.

Petitiounen un d’Europäescht Parlament

Biergerinnen a Bierger vun der Europäescher Unioun esou wéi Persoune mat Wunnuert an engem EU-Land kënnen eleng oder a Gruppen eng Petitioun un d’Europäescht Parlament riichten, an zwar zu Theemen, déi an d’Kompetenze vun der Unioun falen an déi Persoun(en) onmëttelbar betreffen.

Eng Plainte bei der Europäescher Kommissioun areechen

D’Kommissioun kann eng Plainte ophuelen, wann d’Autoritéite vun engem EU-Land géint EU-Recht verstoussen.

Betrëfft d’Plainte d’Virgoe vun enger Eenzelpersoun oder enger privater Entreprise, ginn se op nationalem Niveau behandelt. (Et sief dann, Dir kënnt noweisen, datt national Autoritéiten an iergendenger Weis bedeelegt sinn.)

Eng Plainte areechen als Entrepreneur

Hei fannt Dir Informatioune wéi dir eng Plainte am Zesummenhang mat onfairem Wettbewerb, ongerechtfäerdegte staatleche Bäihëllefe fir Wettbewerber oder Problemer mat Autoritéiten an aneren EU-Länner, kënnt areechen

Allgemeng EU-Informatiounen

“Your Europe"

Enthält praktesch Informatiounen an EU-Virschrëften zu Liewen an Entreprenariat an der EU. Sollt Dir déi gewënscht Informatiounen net fannen, steet Iech de Berodungsdéngscht vun ‘Äert Europa zur Verfügung

Netzwierk Europe Direct

Op der Sich no Informatiounen? D’Europe-Direct-Zentren si fir Iech do. Zu Lëtzebuerg fannt Dir se zu Munzen, Schengen, an an der Uni.lu zu Esch-Belval.