D'Europe Direct Zentre sinn Intermediairen op lokalem Niveau tëscht de Bierger an der Europäescher Unioun.
Hir Missioun ass et:
- lokale Bierger et z'erméiglechen Informatiounen, Berodung, Hëllef an Äntwerten op hir Froen iwwer d'Institutiounen, d'Gesetzgebung, d'Politik, d'Programmer a Finanzéierungsméiglechkeete vun der Europäescher Unioun ze kréien;
- aktiv lokal a regional Debatten iwwer d'Europäesch Unioun a seng Politik z'encouragéieren,
- Europäesch Institutiounen et erméiglechen, d'Verbreedung vun Informatioun ze verbesseren ab u lokal a regional Bedierfnesser unzepassen,
- der Ëffentlechkeet d'Méiglechkeet ginn, Feedback un d'EU Institutiounen a Form vu Froen, Meenungen a Virschléi ze ginn.
Zu Lëtzebuerg hu mir véier Europe Direct Zentren: am Norden, am Süden, am Osten an am Zentrum vum Land.
Europäesch Dokumentatiounszenteren (EDCs): Dës Zentren si fir d'akademesch Welt an d'Allgemengheet geduecht. Si sinn an Universitéiten, wéi och an Héichschoulen a Fuerschungsinstituter an Netregierungsorganisatiounen (ONGen).
Zu Lëtzebuerg hu mir zwee europäesch Dokumentatiounszenteren.
Team EUROPE DIRECT: D'Membere vum Team EUROPE DIRECT, registréiert am EUROPE DIRECT Reseau, sinn onofhängeg Experten (wéi Akademiker, Affekoten oder Beroder) déi Presentatiounen zum Thema Europa op Konferenzen, Seminairen, Debatten oder aneren Evenementer maache kënnen.
Zéckt net fir déi 11 Membere vum Lëtzebuerger Reseau direkt per E-Mail oder Telefon ze kontaktéieren. Dir fannt hir Profiller a Kontakter hei drënner.
Dir fannt EU Zentren déi sech mat spezifeschen Theme beschäftegen an Deel vun Netzwierker vu spezialiséierten Institutioune sinn, fannt dir an dëser interaktiver Kaart "D'Europäesch Unioun bei mir". Dir kënnt och no Regioun oder Thema filteren (Konsum, Beschäftegung, Aarbecht, Studien, Ëmfeld, asw.).