Skip to main content
Représentation au Luxembourg

Fir d’Europäesch Institutioune schaffen

Fonctionnaire

Den EPSO ass dat gemeinsaamt Amt fir d’Auswiel vu Personal vun allen EU-Institutiounen, an organiséiert  Tester fir d’Astellung vu Beamtinnen a Beamten, temporär - a Vertragsemployéen.

D’Reegelung zu den Auswielverfaren esou wéi viraussiichtlech Stéchdatumer, praktesch Informatiounen an d’Modalitéite fir d’Umeldung, fannt Dir um EPSO-Site. D’Auswielverfare ginn och am ‘Amtsblatt’ vun der Europäescher Unioun verëffentlecht.

Weider Informatiounen zum Auswielverfaren

 

Personal mat temporärem Aarbechtsvertrag

Fir wärend enger begrenzter Zäit e besonnesche Bedarf decken ze kënnen, stellt d’Kommissioun och Personal mat temporärem Aarbechtsvertrag an. Et ginn dräi verschidden Zorte vu Kontrakt:

  • Vertragsemployéen (Agent contractuel)
  • Employéen op Zäit (Agent temporaire)
  • Interim (Agent intérimaire) Dës Aarbechtskräfte gi fir kuerz Zäiten iwwer eng vun der Kommissioun zougeloossen Interimsentreprise agestallt.

D’Kommissioun sicht och no enger begrenzter Zuel vun onofhängegen Experten déi sech am Kader vun Opriff zum Areeche vu Virschléi kënne mellen.

Stagë bei der Europäescher Kommissioun

Zweemol am Joer kënnt Dir iech fir ee bezuelte Stage (Bluebook Stage) bei der Europäescher Kommissioun mellen. All Stage dauert fënnef Méint  – eng Stagephas fänkt am Mäerz an déi zweet am Oktober un. Stéchdatum fir d’Stagen am Mäerz, ass ëmmer Enn August a fir déi Stagen déi am Oktober ufänken ass d’Deadline Enn Januar.

Esouwuel EU-Bierger a ‑Biergerinnen ewéi och Net-EU-Bierger a ‑Biergerinne kënnen sech bewerben. Als Kandidat oder Kandidatin muss een en Héichschoulofschloss a ganz gutt Kenntnisser an zwou Sprooche vun der EU hunn (Net-EU-Bierger a ‑Biergerinnen nëmmen an enger vun de Sproochen).