Skip to main content
Représentation au Luxembourg

Faktencheck

Desinformatioun ass e Phenomen, deen eis demokratesch Prozesser a gesellschaftlech Debatte massiv beanträchtege kann. Ugesiichts vun den zouhuelenden negativen Auswierkungen op d’Gesellschaft an der gesamter Europäescher Unioun, ass e gemeinsaamt, koordinéiert, a laangfristegt Konzept néideg, dat de Problem vun der Desinformatioun ugeet. Dofir huet d’Europäesch Unioun en Aktiounsplang ausgeschafft, dee sech op véier Saile baséiert: eng besser Erkennung vun Desinformatioun, eng verstäerkt Zesummenaarbecht tëscht den EU-Organer an de Memberstaten, Mobiliséierung vum Privatsecteur a Sensibiliséiere vun der Ëffentlechkeet.

Desinformatiounskrich géint d’Ukrain

Russland dreift net nëmmen ee Krich an der Ukrain, mee dréift och ee weltwäiten Informatiounskrich fir d’Invasioun an der Ukrain ze rechtfäerdegen.

D’EU trëtt der Desinformatioun aktiv entgéint an enttarnt géint d’Ukrain geriicht Ligegeschichten. Mam Kampf géint Desinformatioun ass d’EU och entschloss, d’ukrainesch Widderstandskraaft weider ze ënnerstëtzen. Méi Informatiounen iwwer d’Desinformatioun vu Russland op EUvsDisinfo

 

Faktencheck

EU and Ukrainian Flag

Il y a un an, la Russie a lancé une guerre d’agression non provoquée contre son voisin pacifique l’Ukraine, montrant au monde le vrai visage des ambitions impérialistes du Kremlin. Tout au long de cette guerre, nous avons repéré et révélé la désinformation pro-Kremlin.