Skip to main content
Représentation au Luxembourg

Migratioun ass eng europäesch Erausfuerderung, déi eng europäesch Äntwert brauch

Déi eenzeg laangfristeg Léisung fir eng fair, europäesch Approche fir Migratioun z'erreeche besteet doranner den Neie Pakt iwwer Migratioun an Asyl, dee vun der Europäescher Kommissioun proposéiert gouf, ze adoptéieren. Wärend d'Diskussiounen iwwer de Pakt nach ëmmer lafen, schafft d'Kommissioun weider un operationelle Moossnamen, an hëlleft dem Conseil an dem Parlament weider fir Léisungen op oppe Froen ze fannen. Lëtzebuerg ass am Conseil vertrueden an huet sechs Deputéiert am Europaparlament.

Déi extern Dimensioun vun der Migratioun ass vu grousser Wichtegkeet fir irregulär Migratioun ze vermeiden, d'Schmuggel-Netzwierker ze knacken a legal Weeër ze promouvéieren déi et erlabe fir an d'EU ze kommen. Liewe rette muss eis éischt Prioritéit sinn a mir musse vermeiden datt Migrante geféierlech Weeër huele fir d'EU z'erreechen. Dofir ass et néideg e robuste Migratiounsmanagementsystem op EU-Niveau z'entwéckelen an eis Partnerlänner z'ënnerstëtzen. Dëst beinhalt d'Stäerkung vun de Baussegrenzen, d'Verhënnerung vun irregulärer Migratioun, d'Bekämpfung vu Schmuggel, d'assuréiere vu schnellen a fairen Asylprozeduren, effektiv Retouren, nohalteg Reintegratioun, an alternativ juristesch Weeër unzebidden. D'Memberstaate sinn opgeruff mat der Europäescher Unioun ze schaffe fir dës Ziler z'erreechen an an deem Sënn ass eng "whole-of-government" Approche an alle Memberstaaten néideg.

Flüchtlingen hunn ee Recht op internationale Schutz viru Verfolgung a Krich. Och am proposéierte Migratioun-an Asylpakt, ass dëst eng Prioritéit.  D'Recht op Asyl, sou wéi et an der Flüchtlingskonventioun vun 1951 an an der EU-Charta vun de Grondrechter verankert ass, muss ëmmer respektéiert ginn. D'EU ass a bleift engagéiert fir wieder eng sécher Plaz ze si fir déi Leit déi Schutz a Sécherheet brauchen.

An hirem Bréif un de Premier Xavier Bettel, am Virfeld vum Europäesche Conseil am Februar a Mäerz 2023, huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ënnerstrach, mat wéi engen Aktiounen d’EU ee reellen Ënnerscheed, nieft den Aktioune vun eenzele Memberstaaten - dorënner Lëtzebuerg - ka maachen:

  • Zesummenaarbecht mat Partnerlänner an enger Team Europe Approche an der südlecher Noperschaft an am westleche Balkan;
  • Operationell Moossname fir Memberstaaten ënner Migratiounsdrock (zB Ugoen vu Migrantenschmuggel an den Hierkonftslänner, Méiglechkeete fir legal Migratioun ze schafen)
  • Upassung vun der Visa Politik;
  • Extern Grenz- a Migratiounsmanagement; an
  • Finanzéierung fir en effektive Migratiouns- an Asylmanagementsystem

 

Hei e puer Beispiller

Baussegrenze stäerken

Mir hunn all e gemeinsamen Interêt fir eng effizient a sécher Gestioun vun eise Baussegrenzen, och zu Lëtzebuerg, a voller Konformitéit mam europäeschen an dem internationale Recht.

Fir all Memberstaaten an dësem Bestriewen z'ënnerstëtzen, kann d'EU-Finanzéierung fir Infrastrukturen an Ausrüstung benotzt ginn, wéi Dronen, Radar an aner Iwwerwaachungsmëttel – esou wéi mir an de leschte Joren zum Beispill a Rumänien, Spuenien, Griicheland oder Polë gemaach hunn. Duerch eng staark Zesummenaarbecht tëscht de Memberstaaten a mat Europol, Frontex an Eurojust, souwéi mat Schlësselpartner, gëtt de Kampf géint de Mënschenhandel an de Migrantenschmuggel weider gestäerkt.

Digitalisatioun vum Schengen Visum

Den Neie Migratioun-an Asylpakt, déi vun der Kommissioun proposéiert gouf, enthält och eng Propose fir Visaprozeduren komplett ze digitaliséieren. D'Schengen Strategie, déi am Juni 2021 virgestallt gouf, huet d'Digitaliséierung vu Visaprozeduren a Reesdokumenter ugekënnegt. Den 13. Juni 2023 hunn d'Europäescht Parlament an de Conseil e politeschen Accord fonnt, deen d'Digitaliséierung vun der Schengen Visa-Prozedur erlaabt.

Géint Schmuggler

D'Prioritéit vun der Kommissioun ass et, déi kriminell Netzwierker vu Schmuggler an Händler, déi d'mënschlech Verzweiwlung ausnotzen, ze stoppen, an hire Geschäftsmodell ze briechen andeems mir alternativ Weeër entwéckele fir d‘Leit sécher an d'Europäesch Unioun ze bréngen. Et ass wichteg fir dëst parallel zu der legislativer Aarbecht weiderzeféieren, haaptsächlech andeems ëmfaassend Partnerschafte geschaaft ginn, déi an d'wirtschaftlech Stabilitéit an den Hierkonfts-an Transitlänner investéieren.

De Conseil huet d'Institutiounen an d'Memberstaaten opgeruff fir a relevante Politikberäicher op nationalen an EU-Niveau besser zesummen ze schaffe fir déi intern Sécherheet ze verbesseren. Dëst soll ënner anerem duerch eng besser Kooperatioun an der Strofverfolgung an an der Justiz geschéien, ewéi duerch de Schutz vun déi Baussegrenzen, de Kampf géint Schmuggler an duerch eng méi enk Zesummenaarbecht mat Drëttlänner. Lëtzebuerg huet dësen Opruff zougestëmmt. D'Positioun vun der EU ass net nei; am Februar 2023 hunn d'EU-Memberstaaten, dorënner och Lëtzebuerg, der Kommissioun uvertraut, bestoend Aktiounspläng ëmzesetzen an neier fir de Westbalkan an de Mëttelmierraum (Italien, Malta) Strecke virzebereeden, fir esou déi Memberstaaten ze entlaaschten déi am meeschte vun den onreegelméissegen Arrivéeë betraff sinn.

Der EU an de Memberstaaten hiert Engagement fir mat den Hierkonfts- an Transitlänner zesummen ze schaffe gëtt verstäerkt. D‘Zil ass et fir d'Grenzmanagementkapazitéit ze stäerken, onreegelméisseg Fluxen ze verhënneren an de Geschäftsmodell vu Schmuggler ze briechen. Dëst soll  och duerch strategesch Informatiounscampagnen, an d'Erhéijung vun de Retoure  geschéien

Déi extern Dimensioun an international Partnerschaften

D'Europäesch Unioun huet sech verflicht weiderhi Partner ze ënnerstëtze fir d'Ursaache vun der irregulärer Migratioun unzegoen. Dëst geschitt a voller Zesummenaarbecht mat internationalen Organisatiounen, notamment der IOM an der UNHCR.

Fir d'Bedierfnesser am Zesummenhang mam Migratiounsdrock unzegoen, global Partnerschaften ze stäerken an op Noutfäll kënnen ze reagéieren, huet d'Kommissioun folgend Erhéijungen proposéiert:

Erhéijung am MFF (Migratioun a Grenzverwaltung) ëm 2 Milliarden Euro

• Erhéijung am EU Budget - Noperschaft an d'Welt ëm € 10,5 Milliarden

• Erhéijung vum Solidaritéits- an Nouthëllefreserve (SEAR) ëm 2,5 Milliarden Euro

 

Weider Informatiounen

Eröffnungsried vun der Presidentin von der Leyen EUCO 29-30 Juni

Operationell Moossname fir Migratioun ze kontrolléieren

Aktuellen Stand vum neie Migratiouns- an Asylpak 

Aarbechtsprogramm 

Strategesche Plang

Managementplang

Joresaktivitéitsbericht