Skip to main content
Représentation au Luxembourg
Gëlle Fra
Lëtzebuerg

Sëtz vun den europäeschen Institutiounen

Lëtzebuerg gehéiert niewent der Belsch, Däitschland, Frankräich, Italien an Holland zu de Grënnungslänner vun der Europäescher Unioun. Scho bei der Grënnung vun der EGKS (Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol) goufen zu Lëtzebuerg déi éischt europäesch Institutiounen ageriicht. Haut schaffen ongeféier 13 000 europäesch Beamtinnen, Beamten a Employéë fir d’europäesch Institutiounen an Organer zu Lëtzebuerg.

1952 gouf d’Stad Lëtzebuerg zum éischte virleefegen Arbechtsuert vun der EGKS. Spéider huet d’Stad sech de Status als virleefegen Arbechtsuert mat Stroossbuerg a Bréissel gedeelt a gouf 1992 schliisslech ee vun den dräi Sëtzer vun de Gemeinschaftsorganer.

An de 60er-Jore gouf d'Stad Lëtzebuerg als Zentrum vun den deemolegen an zukünftege Gemeinschaftsorganer fir d’Beräicher Recht a Finanzen deklaréiert. Am Laf vun de Joren huet sech dat vollt Potenzial gewisen, wou mat dëser Entscheedung verbonne war: Haut sinn net nëmme méi Institutiounen an Organer fir Justiz a Finanze present, mee och vill weider dezentraliséiert EU-Organer.

Zu Lëtzebuerg ginn et ongeféier 13 000 europäesch Beamtinnen, Beamten an Employéen. Zesumme mat hire Famille sinn d’europäesch Beamten an Employéen Deel vum alldeegleche Liewen an der lokaler Wirtschaft: Se kafen an der Stad an, kleeden sech hei an a besichen d’Restauranten, Theateren, Concerten a Kinoen.

Kennzuelen zu de Mataarbechter vun der Europäescher Kommissioun 2021

Europäesch Institutiounen an Agencen zu Lëtzebuerg

D’Majoritéit vun den europäeschen Institutioune mat Sëtz zu Lëtzebuerg befannen sech am Europaquartier um Kierchbierg.

De Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun

Dat Europäescht Parlament: d’Konrad-Adenauer-Gebai an den Tour Alcide De Gasperi

Och d’Generalsekretariat vum Europäesche Parlament huet säi Sëtz um Kierchbierg. Et befënnt sech am Konrad-Adenauer-Gebai. D’Generalsekretariat huet d’Aufgab, d'Gesetzgeebungsaarbechten ze koordinéieren an d’Plenarsëtzungen an aner Versammlungen ze organiséieren. Et ënnerstëtzt ausserdeem d’Aarbecht vun de parlamentareschen Organer an d’Deputéierter an der Ausübung vun hirem Mandat.

De „Tour Alcide de Gasperi“ war dat éischt Gebai zu Lëtzebuerg, dat tëschent 1960 an 1965 speziell fir d’Zwecker vun den europäeschen Institutioune gebaut gouf. E gëllt ausserdeem als ee vun den éischten Héichhaiser vu Lëtzebuerg. Bis 2001 huet d’Generalsekretariat vum Parlament do geschafft. 

Kontaktéiert de Verbindungsbüro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg

 

De Rot vun der Europäescher Unioun: European Convention Center

D’Europäesch Investitiounsbank

Den Europäesche Rechnungshaff an den Europäesche Stabilitéitsmechanismus

Um Kierchbierg befannen sech ausserdeem den Europäesche Rechnungshaff an den Europäesche Stabilitéitsmechanismus.

Den Europäesche Rechnungshaff huet am Oktober 1977 seng Aarbecht zu Lëtzebuerg ugefaangen. E waacht iwwer d’Interessie vun den europäesche Steierzueler. Zwar verfüügt en iwwer kengerlee juristesch Pouvoiren, et ass awer seng Aufgab, d’Verwaltung vum EU-Budget duerch d’Europäesch Kommissioun ze verbesseren an iwwer d’Finanzsituatioun vun der Unioun am Allgemengen ze beriichten.

Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus gouf no der Finanzkris vun 2008 – 2009 ageriicht, fir d’Finanzstabilitéit am Euro-Raum ze erhalen. E bitt Länner vum Euro-Raum, déi vu massive Finanzéierungsproblemer betraff sinn, finanziell Ënnerstëtzung:

Den Europäesche Parquet

D’Haaptaufgab vum Europäesche Parquet ass et, d’EU-Gelder viru Kriminalitéit ze schützen an dofir ze suergen, datt keen Euro duerch Bedruch oder Korruptioun verluer geet. E féiert seng Ermëttlungen a Strofverfollegungsmoossnamen a voller Onofhängegkeet vun der Europäescher Kommissioun, den aneren Ariichtungen an Organer vun der EU an de Memberstaten duerch.

En huet den 1. Juni 2021 op sengem Sëtz zu Lëtzebuerg seng Aarbecht opgeholl.

D’gemeinsam Erklärung zum Ophuele vun der Aarbecht vum Europäesche Parquet liesen

D’Europäesch Kommissioun

Och d’Europäesch Kommissioun ass zu Lëtzebuerg vertrueden. Niewent eiser Vertriedung befannen sech ausserdeem weider Déngschtplazen a Servicer vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, zum Beispill d’Direktioun "Ëffentlecht Gesondheetswiesen" vun der Generaldirektioun Gesondheet, den Eurostat, d’Statistikamt vun der Europäescher Unioun an den Iwwersetzungszentrum.

Ursprénglech waren dës Déngschtplazen um Kierchbierg am Jean-Monnet-Gebai ze fannen. Dëst Gebai gëtt den Ament allerdéngs ofgerappt an déi verschidden Déngschtplaze sinn an Ersatzraimlechkeeten ausgewach. Se plënneren an dat zukünftegt Gebai Jean Monnet II, wou  d'Bauaarbechten 2018 ugefaangen hunn.

Weider Beispiller: