Dat war de Slogan vun eiser Campagne “Hei & an Europa doheem”. Dës Campagne huet op enger klorer Iddi opgebaut: D’EU ass Deel vun eisem Alldag – net nëmmen an den Haaptstied oder an de groussen Decisiounszentren. Vun der Landwirtschaft an dem Ëmweltschutz iwwer d’Mobilitéit bis bei d’lokal Entwécklung spillt d’EU och am ländleche Raum eng konkret a wichteg Roll. An och ëmgedréint spillt de ländleche Raum eng wichteg Roll fir Europa.
Mee wéi maache mir dat siichtbar? Wéi brénge mir Europa méi no bei d’Leit – direkt an hir Gemeng? An wéi kënne mir weisen, dass jiddereen zur Zukunft vun Europa een Deel ka bäidroen ?
Ganz einfach: Mir hunn der Visioun vun de Biergerinnen a Bierger eng sichtbar Plaz am ëffentleche Raum ginn. Op enger markanter Façade an der Gemeng ass hier Stëmm lieweg ginn – als staarkt Symbol fir Matbestëmmung.
#EuropeStreetArt zu Lëtzebuerg - Kuckt d'Resultater vun de Co-Creation Workshops vu Wooltz, Mäerzeg , Biissen, Esch-Uelzecht, an Diddeleng.

Mural Foto Challenge: Europa duerch ären Bléck
Entdeckt d’Mural Foto Challenge, bei där Biergerinnen a Bierger uechter Lëtzebuerg hir Perspektiv iwwert Europa gedeelt hunn. Virun de Murale vun der Campagne „Hei & an Europa doheem!“ hunn si duerch Fotoen, Selfien a kreativ Inzenéierunge gewisen, wat Europa fir si an hir Regioun bedeit. D’Challenge leeft weider, an nei Bäiträg sinn nach ëmmer wëllkomm. Maacht eng Foto beim Mural, deelt se op Instagram zesumme mat äre Gedanken iwwer Europa a taggt eis op @ue_luxembourg, fir dësen Austausch iwwer Europa an eis lokal Communautéite weider ze beräicheren.

Wéi sinn dës Murale entstanen?
Dofir huet d’Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, zesumme mat fënnef Gemengen – Wolz, Biissen, Diddeleng, Mäerzeg an Esch-Uelzecht – kreativ Atelieren organiséiert. Do gouf diskutéiert an Iddien ausgetosch: Wat bedeit d’EU fir iech an op lokalem Niveau? Wéi ass si an der Gemeng präsent? A wéi kann een dat bildlech ausdrécken ? E Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler war bei den Atelieren dobäi an huet d’Iddien opgeholl. Hie schafft se elo aus, fir datt se an e puer Wochen als grousst Wandbild – tëscht 73 m² an 234 m² – op enger prominenter Mauer an de jeeweilege Gemenge realiséiert ginn.
Är Stëmm zielt - an elo ass se ganz grouss ze gesinn !
Hei & an Europa doheem: D’Geschichten hannert de Wierker

Esou sinn d’Graffitien entstanen.
All grousst Konschtwierk fänkt mat enger Iddi un – an an dësem Fall souguer mat enger ganzer Rei Iddien: An verschiddene Workshops si Biergerinnen a Bierger zesummekomm, fir hir Gedanken, Geschichten a Visiounen zum Thema EU mateneen ze deelen. Duerch oppen Diskussiounen an den Austausch vu verschiddene Perspektive sinn esou eng Villfalt vun Iddien entstanen, déi d'Identitéit an d'Wënsch vun de lokale Gemeinschaften erëmspigelen.
Kuckt hannert d'Kulisse vun dëse Workshops.
Abléck an d'Studioen
Workshop 1 – Wooltz
De Workshop zu Wooltz huet Leit aus verschiddenen Altersgruppen a mat ënnerschiddlechen Hannergrënn zesummebruecht, wat zu engem besonnesch räichhaltegen Austausch gefouert huet. D'Diskussioune ware staark vun der historescher Identitéit vu Wooltz gepräägt. Vill lokal Sehenswürdegkeeten a kulturell Referenzen hunn dobäi als wichteg visuell Inspiratioun gedéngt.
Workshop 2 – Mäerzeg
Zu Mäerzeg ass eng méi kleng Grupp zesummekomm, wat en nach méi intensiven Austausch erméiglecht huet. De Buergermeeschter huet dobäi spannend historesch Ablécker ginn a mat konkrete Beispiller gewisen, wéi d'Gemeng vun europäesche Projeten an Initiative profitéiert huet.
Workshop 3 – Esch-Uelzecht
De Workshop zu Esch-Uelzecht huet vill Plaz fir Kreativitéit gebueden. Dank de kënschtleresche Fäegkeete vu verschiddene Participanten an de lokale Perspektive vun den Awunnerinnen an Awunner sinn ambitiéis a visuell impressionant Skizz-Iddien entstanen.
Workshop 4 – Diddeleng
D'Präsenz vum Buergermeeschter an der Cheffin vun eiser EU-Vertriedung huet zu enger aussergewéinlech positiver an inspiréierender Atmosphär bäigedroen. D'Stëmmung war kreativ, oppen a kooperativ a huet domat den ideale Kader fir en éierlechen Austausch an eng aktiv Participatioun geschaf.
Workshop 5 – Biissen
De Workshop zu Biissen huet an engem méi klenge Kader stattfonnt an domat déi ideal Viraussetzunge fir e méi perséinlechen Austausch geschaf. Am Mëttelpunkt stoungen d'Geschicht vun der Gemeng, gemeinsam europäesch Wäerter an existéierend Initiativen. Doraus si kreativ a gutt duerchduechten Iddien ervirgaangen.
Aftermovie
E Bléck hannert d'Kulisse vun der Entwécklung vun de Graffiti-Wandmolereie vun der Campagne "Hei & an Europa doheem" zu Lëtzebuerg un.
Weider Informatiounen
- Kuckt Iech #EuropeStreetArt an der Belsch un



