D‘Bewerbunge sinn op fir déi Nei Europäesch Bauhaus Präisser 2025 an den neien NEB Boost fir kleng Gemengen - Europäesch Kommissioun Bis zum Haaptcontenu iwwersprangen
An official website of the European UnionAn official EU website
Représentation au Luxembourg
  • Presseartikel
  • 4 Februar 2025
  • Representation in Luxembourg
  • 5 min gelies

D‘Bewerbunge sinn op fir déi Nei Europäesch Bauhaus Präisser 2025 an den neien NEB Boost fir kleng Gemengen

D'Europäesch Kommissioun huet d‘Bewerbungen opgemaach fir zwee Präisser, déi d‘Innovatioun an d’Kreativitéit feieren, inspiréiert vum Neien Europäesche Bauhaus (NEB): déi fënneft Editioun vun den Neien Europäesche Bauhaus Präisser an de neien NEB Boost fir kleng Gemengen. Visionären, Kreativer a Changemaker aus Lëtzebuerg kënnen hir innovativ Projeten, déi vum Neien Europäesche Bauhaus inspiréiert sinn, iwwer d‘Nei Europäesch Bauhaus Präisser Plattform bis de 14. Februar 2025 areechen. 

Schéin, nohalteg, an inklusiv Projete ginn ausgezeechent, d’NEB Präisser an den NEB Boost hu verschidden Ziler an Zilgruppen: 

  • D’NEB Präisser honoréieren aussergewéinlech Projeten an Iddie vun Eenzelpersounen, Ekippen an Organisatiounen. 
  • Den NEB Boost fir kleng Gemengen ënnerstëtzt méi kleng lokal Regierunge beim Ëmsetze vun transformativen Projete mat engem staarke Gemeinschafts Engagement. 

Visionären, Kreativer a Changemaker aus ganz Europa an doriwwer eraus sinn invitéiert innovativ Projeten an Iddien anzereechen, déi d’Manéier ëmgestalten, wéi mir mat eiser Ëmwelt liewen an interagéieren. 

Fënnef Joer Nohaltegkeet, Ästheetik an Inklusioun mat den NEB Präisser 

No iwwer 5.000 Bewerbungen, déi an de leschte fënnef Editiounen erakoumen, wäerten déi Nei Europäesch Bauhaus Präisser dëst Joer 22 exemplaresch innovativ Projeten a Konzepter auszeechnen, déi Nohaltegkeet, Ästheetik an Inklusioun duerstellen. 

Dëst Joer huet d’2025 Editioun e spezielle Fokus op d’Wunnen: d’NEB „Erschwénglech Wunnengspräisser“. Véier Projete ginn ausgezeechent ënner dem Konzept “Nei Europäesch Bauhaus Champions“, fir fäerdeggestallteProjeten an der EU, déi zu den Efforte vun der EU bäidroen, fir erschwénglecht Wunnen ze verbesseren an d’Verflichtung mat den NEB Wäerter an de Prinzippiekombinéiert. 

D’2025 NEB Präisser ginn un existent Projeten ewéi u Konzepter, déi vu jonken Talenter entwéckelt goufen, a véier Kategorien: 

  • Sech nei mat der Natur verbannen; 
  • E Sënn vun Zougehéieregkeet erëmfannen; 
  • De Plazen an de Leit de Virrang ginn, déi et am meeschte brauchen; 
  • En Ökosystem schafen an eng Liewenszyklus-Denkweis z’ënnerstëtzen. 

An deene véier Kategorië ginn zwee parallel Concourskonzepter festgeluecht: 

  • Konzept A: “Nei Europäesch Bauhaus Champions” ginn un existent a fäerdeggestallte Projete mat kloren a positive Resultater. 
  • Konzept B: “Nei Europäesch Bauhaus Opsteiger” ginn u Konzepter vu jonken Talenter, déi 30 Joer al sinn oder manner. D’Konzepter kënnen op verschiddenen Entwécklungsniveaue sinn, vun enger Iddi mat engem klore Plang bis zu engem Prototyp. 

D'2025 Präisser, ënnerstëtzt vun der Kohäsiounspolitik, ginn un am ganzen 22 Gewënner a Finalisten, déi e Geldpräis vu bis zu 30.000€ kréien, esouwéi e Kommunikatiounspak fir hinnen ze hëllefen sech weiderzeentwéckelen an hir Projeten a Konzepter ze fërderen. 

Eng nei NEB Initiativ fir kleng Gemengen ze stäerken 

Parallel zu den NEB Präisser huet d’Kommissioun Bewerbungen opgemaach fir den NEB Boost fir kleng Gemengen. Dës nei Initiativ, ënnerstëtzt vun engem Pilotprojet vum Europäesche Parlament, geet un 20 Projeten, déi mat den NEB Wäerter a Prinzippien op enger Linn sinn, an e gewëssenen Entwécklungsniveau erreecht hunn.

Mam Fokus op Gemengen a ländlech Géigenden, erkennt den NEB Boost déi kritesch Roll vu méi klenge Gemeinschaften an der Neier Europäescher Bauhaus Beweegung an de weidergoenden Transitiounen an engem weidere Sënn un. Hir Bedeelegung ass fundamental fir ze garantéieren, datt d’Beweegung inklusiv an zougänglech fir jidderee bleift. 

Zoulässeg Projete mussen sech op d’Ëmwelt konzentréieren, d’Konstruktioun, d’Renovatioun, an d’Upasse vu Gebaier an ëffentleche Beräicher abegraff. Dës Projete sollten Zirkularitéit, Klimaneutralitéit, d’Erhale vum Kulturierwen, erschwénglech Wunnléisungen an d’Regeneratioun vu ländlechen oder stättesche Beräicher de Virrang ginn. 

Déi 20 Gewënner vum NEB Boost kréie jeeweils e Präis vun  30.000€, mat engem individuelle Kommunikatiounspak vun der Kommissioun, fir hir Erfolleger weider ze verstäerken. 

Wéi mellt een sech un

Bewerbunge fir d’Präisser an den NEB Boost fir Kleng Gemenge sinn op bis de 14. Februar 2025 um 19:00 MEZ. D’Bewerbunge fir béid mussen iwwer déi offiziell New European Bauhaus Präisser Plattform agereecht ginn. 

All d’Detailer iwwer de Bewerbungsprozess stinn am jeeweilege Guide fir Kandidaten: de Guide fir d’NEB Präisser, verfügbar an allen EU Sproochen an deenen aus dem West-Balkan an der Ukrain, an de Guide fir den NEB Boost fir Kleng Gemengen, verfügbar an allen EU Sproochen. 

Déi 22 Gewënner vun den NEB Präisser an déi 20 Gewënner vum NEB Boost fir kleng Gemenge gi bei enger Präisiwwerreechung am Europäesche Parlament am Hierscht bekannt. Weider Informatioune kritt Dir geschwënn op der Neier Europäescher Bauhaus Präisser Plattform

Hannergrond 

Lëtzebuerg huet bis elo een ausgezeechente Projet an den NEB Präisser. An der leschter Editioun krut de Projet “Eng Nohalteg Campus-Transformatioun“ vun der Stad Lëtzebuerg 30.000€ an der Kategorie „En zirkulären, industriellen Ökosystem schafen an d’Liewenszyklus-Denken ënnerstëtzen“. De Projet gouf ausgezeechent fir d’Ëmbaue vun engem 30 Joer alen hëlzene Klassenzëmmer vum Lycée Michel Lucius a fir eng modern Bibliothéik, wou ee  Flillek vun 1970 ofgebaut gouf an esou vill Material wéi méiglech erëm verwäert gouf, an den Haff nei entwéckelt gouf, fir sech de Bedierfnisser vun de Schüler besser unzepassen.

Den Neien Europäesche Bauhaus ass eng EU Politik a Grënnungsinitiativ, déi eng gréng Transitioun an der Konstruktioun angeneem, attraktiv a passend fir jidderee mécht. D’Initiativ invitéiert jiddereen eis Zukunft ze gestalten a se méi nohalteg, schéin an inklusiv ze maachen, andeem positiv an inklusiv Erfarunge gefërdert ginn. 

Lancéiert vun der Presidentin von der Leyen an hirer 2020 Ried zur Lag vun der Unioun, gouf den neien Europäesche Bauhaus co-designt mat Dausende vu Leit an Organisatiounen an Europa an doriwwer eraus. 

Fir weider Informatiounen 

New European Bauhaus Prizes platform 

Guide for New European Bauhaus Prizes 

New European Bauhaus website 

Commission Communication on the New European Bauhaus

Detailer

Verëffentlechungsdatum
4 Februar 2025
Auteur
Representation in Luxembourg