Bis zum Haaptcontenu iwwersprangen
Logo vun der Europäescher Kommissioun
Représentation au Luxembourg
Är Stëmm zielt

Dréckt iech aus

D'EU schützt dat, wat wichteg ass – dorënner äert Recht, är Meenung ze äusseren, gehéiert ze ginn an un Entscheedungen deelzehuelen, déi iech betreffen. 

An e puer Deeler vun der Welt kann et zu enger Geldstrof oder esouguer zu enger Prisongsstrof féieren, wann een an der Ëffentlechkeet e Witz mécht. An der EU kënnt Dir fräi soen, wat dir denkt, well d'Meenungsfräiheet geschützt ass. 

Eis Demokratie ënnerstëtzt oppen Debatten, sou datt Iddien a Meenunge fräi diskutéiert kënne ginn. Dir kënnt an engem Café oder an enger Bar mat Frënn sëtzen, är Iwwerzeegungen deelen an net fäerten, duerch de Staat ënnerdrëckt oder zensuréiert zu ginn. D'Demokratie erméiglecht et iech, iech fräi auszedrécken. 

Wat bedeit dat fir iech?

  • Dir kënnt fir dat astoen, un dat dir gleeft

    An der EU kënnt dir un enger ëffentlecher Protestaktioun deelhuelen, d'Regierung kritiséieren oder einfach är Meenung äusseren – ouni Angscht virun Zensur oder Sanktiounen. Wat dir soot, ass geschützt, an och äert Recht, et ze soen.

  • Dir kënnt iech är eege Meenung bilden

    Dir sidd fräi, iech är eege Meenung zu Themen ze bilden, déi iech betreffen – ouni staatlechen Afloss. Dës Fräiheet hänkt domatt zesummen, datt dir Zougang zu zouverlässegen Informatiounen hutt, an d'EU engagéiert sech dofir, datt dësen Zougang oppen a geschützt bleift

  • Dir kënnt ouni Angscht kreativ sinn

    Dir sidd fräi, är Iddien duerch Wierder, Konscht, Musek oder Online-Inhalter ze deelen. An der EU – egal ob dir op enger Bün optrëtt, e Post op soziale Medie publizéiert, Konscht schaaft oder einfach engem Frënd schreift – Är Fräiheet ze schafen an ze kommunizéieren ass geschützt.

Wéi ginn dës Fräiheete geschützt?

Dëst sinn net nëmme Rechter um Pabeier. D'EU schafft kontinuéierlech drun, sécherzestellen, datt se och an der Praxis respektéiert ginn. 

D'Charta vun de Grondrechter garantéiert d'Meenungsfräiheet an de fräien Zougang zu Informatioune fir all Europäer. An d'EU ass nach e Schrëtt méi wäit gaangen, andeems si dës Prinzippien a konkret Mesuren ëmgesat huet. 

Dësen Engagement weist sech och an der direkter Ënnerstëtzung duerch d‘EU vun deenen, déi dës Fräiheeten konkret ëmsetzen. Duerch hir Finanzéierungsprogrammer hëlleft d'EU de Leit, hir Meenungsfräiheet ze schützen, andeems si Projeten ënnerstëtzt, déi Kultur a fräien Ausdrock fërderen – besonnesch iwwer de Programm Creative Europe

Online suergt den Digital Services Act dofir, datt grouss Plattformen an der EU keng Inhalter willkürlech ewechhuelen oder ënnerdrécken däerfen, a verlaangt Transparenz bei den Entscheedungen, déi beaflossen, wat dir op dese Plattformen gesitt. 

A mat eisem Culture Compass for Europe gi mir d'Erausfuerderungen un, mat deenen d'Kultur- a Kreativsecteuren an Europa konfrontéiert sinn – wéi Aschränkunge vun der artistescher Fräiheet, prekär Liewensbedingunge vu Kënschtler an den Impakt vun der KI. 

Wat denken d’Europäer?

68% vun den Europäer äusseren hir politesch Meenung ouni Angscht virun negative Konsequenzen
58% vun den Europäer engagéieren sech mat Kandidaten a politesche Parteien
Iwwer 70% vun den Europäer soen, datt si Zougang zu zouverlässegen Informatiounen aus verschiddene Mediequellen an hirem Land hunn

Maacht mat

Schützt dat, wat wichteg ass

An der EU kënnt dir iech op onofhängege Journalismus verloossen, deen och schwiereg Froe stellt an iech informéiert hält.