Europa no bei Iech!
An alle Regioune vun der Europäescher Unioun verbannen d’Europe Direct Zentren d'Bierger an d'EU op lokalem Niveau. Si sti jidderengem zur Verfügung, dee Froen iwwer Europa huet an droen dozou bäi, d’Wäerter an d’Prinzippie vun der EU ze fërderen.
Wat kann ech erwaarden, wann ech ee vun dëse Zentere besichen?
Wann Dir Informatioune sicht, eng Iddi braucht oder einfach wëllt iwwer eng europäesch Fro diskutéieren, sidd Dir hei genau richteg. Dës Zentre bidden Informatiounen, Berodung, Hëllef a Äntwerten zu allem, wat d’Institutiounen, d’Gesetzgebung, d’Politik, d’Programmer an d’Finanzéierungsméiglechkeete vun der EU betrëfft.
Dëst erlaabt den europäeschen Institutiounen et, Informatioune besser un déi lokal a regional Besoinen unzepassen an dem Public d’Méiglechkeet ze ginn, Feedback an d’Form vu Froen, Meenungen a Virschléi un d’europäesch Institutioune weiderzeginn.
Dës Zentren, déi veritabel Informatiounskanäl op lokalem Niveau sinn, organiséieren och Debatten, Ausstellungen, Informatiounsseancen an Aktivitéiten, fir den Impakt vun der europäescher Politik op den Alldag z'erklären.
Dat kléngt alles interessant, mee wou fannen ech de noosten Europe Direct Zenter bei mir zu Lëtzebuerg?
Lëtzebuerg huet dräi Zentren op sengem Territoire: zu Munzen, an der Universitéit Lëtzebuerg um Campus Esch/Belval an zu Schengen. Weider Informatioune fannt dir ënnert dëse Linken:
Europe Direct Information Centre - EDIC, Universitéit Lëtzebuerg - Belval | Esch-Uelzecht
N'hésitez pas à visiter les Centres Europe Direct au Luxembourg ou à les contacter par email et téléphone.