Skip to main content
Représentation au Luxembourg

2024 : Europa geet wielen!

Am Numm vun der ganzer Equipe vun der Vertriedung vun der EU Kommissioun zu Lëtzebuerg wënschen ech iech e schéint neit Joer 2024!

2024 gëtt een europäescht Joer wéi scho laang net méi., mat den Europawalen déi virun der Dier stinn. Et gëtt ee Joer mat villen Geleeënheeten, fir iwwer d’Erausfuerderungen, sou wéi d’Méiglechkeeten, déi sech Europa bidden, ze schwätzen an ze debattéieren. Ech hoffen, iech op eisen Debatten ze gesinn. 

Et ass net noutwenneg, ervirzehiewen, dass mir an enger komplizéierter Zäit liewen; nach ëmmer verspiere mir d’Konsequenze vun der COVID Pandemie, d’kënschtlech Intelligenz huet sech rapid an eist Liewen invitéiert, a loosse mir net de Klimawiessel vergiessen, oder déi geopolitesch Spannungen op internationalem Niveau an de Krich op eisem Kontinent. Alles an allem ass de Kontext vun dësen Europawalen en anere wéi dee viru 5 Joer. D’Positioun vun Europa op der internationaler Zeen huet geännert; mir behaapten eis vill méi, si manner naiv, mir halen un eise Wäerter, Prioritéiten an Ambitioune fest.

Haut si mir konfrontéiert mat ëmmer méi anti-demokratesche Mouvementer, verstäerkt duerch de Phenomen vun der Desinformatioun, an dofir ass et elo ëmsou méi wichteg, fir un den Europawalen deelzehuelen. Dofir ass all Stëmm, déi mir ofgi méi wéi nëmmen den Ausdrock vun enger politescher Affinitéit. Wielen goe gëtt en Akt vu Resistenz géint all Form vun anti-demokrateschen Tendenzen; mir droen domat dozou bäi, dass mir eis Grondprinzippie schützen.

Ech invitéieren iech, fir vun der Zäit virun den Europawalen ze profitéieren, iech ze froen: A wéi engem Europa wëll ech liewen? Wéi eng Welt wëll ech de jonke Leit an den zukünftege Generatioune bidden? Renseignéiert iech iwwert déi neitsten Developpementer an Europa a soss an der Welt, bleift oppen a kritesch zur selwechter Zäit a virun allem verschaaft iech Gehéier. Dëst ass eng kollektiv Verantwortung, en Zivilrecht wat all EU Bierger soll eescht huelen.

ZU Lëtzebuerg fannen d’Europawalen den 9. Juni statt. Wann dir net déi lëtzebuergesch Nationalitéit hutt, mee EU Bierger-in sidd an hei am Land wunnt, da kënnt dir iech bis de 16. Abrëll aschreiwen. De Grand-Duché, EU Grënnungsland, Sëtz vun enger sëllegen EU Institutiounen, bekannt fir seng Diversitéit, seng Oppenheet a säi kulturelle Räichtum ass déi ideal Platz fir äert Stëmmrecht auszeüben.

Loosse mir zesummen eis Demokratie verdeedegen, loosse mir eng gemeinsam Europäesch Zukunft bauen an zesummen d’Erausfuerderungen uginn.

Vive Europa!

 

Anne Calteux,

Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg

Head of Representation - Anne Calteux
© Ann Sophie Lindström