- Europa vun de Bierger | Europäesch Kulturmanifestatioun | Europäesch Identitéit | europäesch Staatsbiergerschaft | Europäesch Unioun
- Donneschdeg 9 Mee 2024, 12:00 - 18:00 (CEST)
- Luxembourg, Luxembourg
Praktesch Informatiounen
- Wéini
- Donneschdeg 9 Mee 2024, 12:00 - 18:00 (CEST)
- Wou
- Europäescht Parlament zu Lëtzebuerg17, rue John F. Kennedy, Plateau de Kirchberg, 2929 Luxembourg, Luxembourg
- Sproochen
- French, English, German, Luxembourgish
- Social media links
Beschreiwung
Europa méi no bei Iech!
An dësem Joer vun Europawale sidd Dir all häerzlechst agelueden den Europadagmat eis am Europaparlament um Kierchbierg an der Stad ze feieren, europäesch Haaptstad a Sëtz vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun. D'Parlament mécht dofir den 9. Mee 2024 d'Diere vum Konrad Adenauer Gebai fir de Public op.
Besonnescht Joer, besonnesch Editioun!
Erlieft d'Diversitéit vun Europa andeems dir den Democracy Village an seng vill Stänn entdeckt. Et erwaart Iech e Programm voller Evenementer fir eis Memberschaft an der Europäescher Unioun ze feieren, sech fir d'Europawalen z'informéieren an zesummen den 20. Anniversaire vun der gréisster Erweiderung vun der europäescher Geschicht ze feieren!
Eng zousätzlech Iwwerraschung erwaart Iech dëst Joer : Dir hutt net nëmmen déi eemoleg Geleeënheet d'Kulisse vum Europaparlament wärend dëser Porte Ouverte ze besichen, mee Dir wäert och bei der Ouverture vum gréissten interaktiven Informatiounszenter vun der Europäescher Unioun deelhuelen "Europa Experience".
Lëtzebuerg war 2019 den éischten EU-Memberstat, deen den Europadag zum gesetzleche Feierdag erkläert huet.
GRATIS EVENEMENT
Méi Detailer kommen an den nächste Wochen.
An Zesummenaarbecht mam Europaparlament, der Lëtzebuerger Regierung an der Stad Lëtzebuerg.