Opgrond vu senger geographescher Lag a senger politescher Geschicht ass Lëtzebuerg e grenziwwerschreidend Gebitt par excellence. Esou ass et keen Zoufall, datt am Joer 1950, fënnef Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich, den deemolege franséischen Ausseminister Robert Schuman, deen zu Lëtzebuerg als Bouf vun engem loutrénger Zollbeamten an enger Lëtzebuergerin gebuer ass, e Plang virgestallt huet, deen zum Zil hat, eng nei Form vun der politescher Zesummenaarbecht an Europa ze schafen, andeem déi gesamt däitsch-franséisch Kuel- a Stolproduktioun enger gemeinsamer héijer Autoritéit ënnerstallt sollt ginn.
Den Datum, un deem de Robert Schuman säi Virschlag presentéiert huet, gëllt als Gebuertsstonn vun der haiteger Europäescher Unioun. Esou gëtt all Joer den 9. Mee, dem Joresdag vun der "Schuman-Erklärung", den Europadag gefeiert. Fir Lëtzebuerg huet déi däitsch-franséisch Reconciliatioun net nëmme méi Baussesécherheet bedeit, ma et gouf och e grousse Maart fir d’Eisen- a Stolindustrie opgemaach, den deemolege Kärsecteur vun der lëtzebuergescher Wirtschaft.
No der Grënnung vun der EGKS huet Lëtzebuerg entschloss,sech fir den Opbau vun Europa anzesetzen an huet déi nei Initiativen ënnerstëtzt. Gemeinsam mat der Belsch, Frankräich, Holland, Italien an Däitschland huet Lëtzebuerg am Joer 1957 zu Roum d’Verträg zur Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) an der Europäescher Atomgemeinschaft (EURATOM) ënnerschriwwen. Als ënnerzeechnend Partei vun de Verträg vu Paräis, Roum, Maastricht an Amsterdam war d’Groussherzogtum Lëtzebuerg un der wirtschaftlecher Entwécklung vun enger Gemeinschaft bedeelegt, där hiert wichtegst Zil et war, arméiert Konflikter ze verhënneren. Den eenheetlechen Europäeschen Akt, deen ënner lëtzebuergescher Presidentschaft ausgehandelt a fäerdeggestallt ginn ass an 1986 zu Lëtzebuerg an Den Haag ënnerzeechent gouf, huet de Wee fir den europäesche Bannemaart opgemaach. Mam Vertrag vu Maastricht (1992) huet d’EU d’Grondlage fir eng gemeinsam Wärung, eng gemeinsam Aussepolitik an d’Zesummenaarbecht an de Beräicher Justiz a Bannepolitik geschaf.
An de Vertrag vun Amsterdam (1997) gouf besonnesch d’Schengener Ofkommes mat opgeholl, wou de fräie Persouneverkéier ouni Kontrollen un de Grenzen, an d’Organisatioun vun der polizeilecher Zesummenaarbecht reegelt. D’Ënnerzeechnung vum Ofkommes huet op engem Ausfluchsschëff stattfonnt, dat am lëtzebuergesche Schengen ugeluecht hat. De Vertrag huet eng Reform vun den europäeschen Organer skizzéiert, déi spéider duerch de Vertrag vun Nizza (2001) ergänzt gouf – ënner anerem duerch d’Stäerkung vun Pouvoir vum Europäesche Parlament, eng nei Stëmmegewiichtung am Ministerrot esou wéi eng verännert Zesummesetzung vun den Organer am Hibléck op déi geplangt Erweiderung (2004).
D’Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger an der EU
E gemeinsame Memorandum vun de Benelux-Länner huet zur Aberuffung vun der Konferenz vu Messina am Juni 1955 geféiert, déi der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft de Wee virbereet huet. Fir Lëtzebuerg war et de Joseph Bech, dee bei dëser Aarbecht matgewierkt huet. 1960 huet de fréiere Premier- an Ausseminister – ee vun de Grënnerpappe vun der europäescher Integratioun – de Karlspreis iwwerreecht kritt, a Wierdegung vu véierzeg Joer Asaz fir d’Eenegung vun Europa, déi am ale Vëlkerbond ugefaangen, an an den europäeschen Institutiounen hir zilbewosst Fortsetzung fonnt huet.
Dräi fréier lëtzebuergesch Premierministeren hu schonn d’Amt vum President vun der Europäescher Kommissioun iwwerholl: de Gaston Thorn (1981 – 1985), de Jacques Santer (1995 – 1999) an de Jean-Claude Juncker (2014 – 2019). De Jean-Claude Juncker war vun 2005 bis 2013 ausserdeem President vum Eurogrupp.
De fréiere lëtzebuergesche Premier- a Finanzminister Pierre Werner gëtt dacks als Papp vum Euro ugefeiert. Ufank vun den 1970er-Joere war hie Virsëtzende vun engem Grupp vun Experten, déi am Kader vum Sommet vun Den Haag beoptraagt goufen, d’Méiglechkeete vun enger Entwécklung hin zu enger Wirtschafts- a Wärungsunioun ze sondéieren. De Werner-Plang huet déi weesentlech Bestanddeeler vun der haiteger Wirtschafts- a Wärungsunioun enthalen.