De Klimawandel an d’Zerstéierung vun der Ëmwelt sinn existenziell Bedreeunge fir eis all.
D’Bekämpfung vum Klimawandel gehéiert zu de wichtegste Prioritéite vun der Europäescher Kommissioun an den europäesche Gréngen Deal ("EU Green Deal") ass eise Fuerplang fir d’Verwierklechung vun eiser Klimaneutralitéit bis 2050.
Den europäesche Gréngen Deal
Mam Gréngen Deal soll Europa bis 2050 den éischte klimaneutrale Kontinent ginn, an d’EU zu enger moderner a wettbewerbsfäeger Wirtschaft, an där déi natierlech Ressourcen effizient genotzt ginn, transforméieren. De Gréngen Deal spillt och eng wichteg Roll bei der Iwwerwannung vun der duerch d’Covid-19-Pandemie verursaachter Kris an der EU, Aarbechtsplaze schützt an nohaltege Wuesstem schaaft.
D’EU gehéiert zu de weltwäit féierenden Acteuren am Kampf géint de Klimawandel. Se huet Rechtsvirschrëften erlooss, déi all Wirtschaftsberäicher ofdecken an dozou déngen, d’Zäregasemissiounen am Aklang mam Paräisser Klimaofkommes ze reduzéieren. Et mussen awer nach sëlleg Erausfuerderunge bewältegt ginn, wann Europa d’Ziler vum Gréngen Deal erreeche wëll, a jiddwer Memberstat muss säi Bäitrag ze leeschten.
Wéi setzt Lëtzebuerg d’Ziler vum europäesche Gréngen Deal ëm?
Lëtzebuerg verfüügt iwwer eng notabel Biodiversitéit an ofwiesslungsräich Landschaften, wat op eng grouss geologesch a mikroklimatesch Vilfalt zeréckzeféieren ass.
Fir d’Klima- an Energieziler vun der EU bis 2030 ze erreechen, hunn all EU-Memberstaaten en Nationalen Energie- a Klimaplang (National Energie and Climate Plan, NECP) fir den Zäitraum 2021 bis 2030 erstallt.
Am Mee 2020 huet d’lëtzebuergesch Regierung den Nationalen Energie- a Klimaplang fir de Lëtzebuerg adoptéiert, deen d’Grondlag fir d’Klima- an Energiepolitik zu Lëtzebuerg presentéiert. Den Nationalen Energie- a Klimaplang vu Lëtzebuerg ëmfaasst national Ziler, déi bis 2030 erreecht solle ginn: d’Reduktioun vun Zäregasemissiounen ëm 55 %, d’Unhiewung vum Undeel un erneierbaren Energien (op 25 %) an eng méi héich Energieeffizienz (40 – 44 %).
Am Dezember 2020 huet d’Chamber dat éischt Klimagesetz zu Lëtzebuerg adoptéiert, dat Lëtzebuerg verflicht, seng Zäregasemissioune bis 2030 ëm 55 % ze reduzéieren, d’Zil vun der Klimaneutralitéit bis 2050 op nationalem Niveau verankert an den erfuerderleche Rechtskader fir d’Ëmsetzung vum Energie- a Klimaplang schaaft.
Den integréierten nationalen Energie- a Klimaplang
Bewäertung vum Nationalen Energie- a Klimaplang vu Lëtzebuerg duerch d’Europäesch Kommissioun (pdf)
Finanzéierung vum ekologesche Wandel
D’Europäesch Unioun ass entschloss, bis 2050 zum éischte klimaneutrale Wirtschaftsraum vun der Welt ze ginn. Dofir si beträchtlech Investitiounen néideg, esouwuel säitens vun der EU an dem ëffentleche Secteur vun de Memberstaaten ewéi och säitens vum private Secteur. Duerch den Investitiounsplang fir en zukunftsfäegt Europa gëtt et méiglech, am Laf vun den nächsten zéng Joer 1.000 Milliarden Euro un nohaltegen Investitiounen ze mobiliséieren. Een Deel vum Investitiounsplang, de sougenannte Mechanismus fir eng gerecht Transformatioun, gëtt verwent fir sécherzestellen, datt den ekologesche Wandel fair a gerecht verleeft a kee lenks leie geloss gëtt.
De LIFE-Programm ass d’Finanzéierungsinstrument vun der EU fir Ëmwelt- a Klimaschutzmoossnamen. Säit 1992 gëtt et dee Programm a säitdeem konnten duerch d’Mobiliséierung vu méi ewéi 9 Milliarden Euro iwwer 5 500 Ëmwelt a Klima Projeten an der gesamter EU an an Drëttlänner kofinanzéiert ginn.
De laangfristege Budget vun der EU fir den Zäitraum 2021 – 2027 gesäit 5,4 Milliarden Euro fir de LIFE-Programm vir.
Bis haut goufen iwwer de LIFE-Programm zu Lëtzebuerg 23 Projete kofinanzéiert – mat engen Investitiounsvolume vun insgesamt 89 Milliounen Euro, zu deem d’Europäesch Unioun Mëttel an der Héicht vu 34,5 Milliounen Euro bäigedroen huet.
E Beispill vun engem erfollegräiche LIFE-Projet zu Lëtzebuerg ass d’Restauratioun vu Fiichtgebidder an d’Fërderung vu bedroten Aarten an der Éislek-Regioun am Norden (LIFE Éislek). Dëse Projet suergt fir eng Verbesserung vun der Bewirtschaftung an de Bedéngunge vun ongeféier 170 ha Fiichtgebidder am Norde vum Land. D’Zil ass dobäi, d’Liewensraim vun de Fiichtgebidder an déi dräi Aarte – de Bloschillernde Feierfalter (Lycaena helle), d’Brongbrëschtchen an de Klengen Neimäerder – ze schützen. De Projet gëtt zu 50 % vun der Europäescher Unioun finanzéiert.
De Mechanismus fir e gerechten Iwwergang
Weider Informatiounen iwwer de Projet Life Éislek
Verschiddenes
- Lëtzebuerg gehéiert zu den 187 Parteien, déi d’Ofkommes vu Paräis ratifizéiert hunn, a verflicht sech deemno dozou, d’global Erwiermung op däitlech ënner 2 °C ze begrenzen a sech weiderhin ëm eng Begrenzung op 1,5 °C ze beméien.
- 2019 huet Lëtzebuerg am Beräich Ekoinnovatioun vun allen EU-Staaten dat bescht Resultat erreecht.
- Lëtzebuerg huet am Beräich Kreeslafwirtschaft grouss Fortschrëtter gemaach. Erreecht gouf dëst duerch d’Fërderung vum Iwwergang vu klengen a mëttel Entreprisen hin zu enger Kreeslafwirtschaft – besonnesch mat Hëllef vum Programm Fit4Circularity an dem Label "SuperDrecksKëscht fir Betriber".
- Dat europäescht Natura-2000-Netz ëmfaasst iwwer 27 000 Naturschutzgebidder, déi bal ee Fënneftel vun der Landfläch vun der EU ausmaachen. Zu Lëtzebuerg ginn et méi ewéi 60 Natura-2000-Gebidder, déi 27,13 % vun der Fläch vum Land bedecken.